Et gëtt nees an den Autobunnstunnellen zu Lëtzebuerg geschafft
De Moment ass den Tunnel Grouft un der Rei.
Wie vill op den Autobunnen ënnerwee ass, huet et vläicht schonns gemierkt. Am ganze Land ginn den Ament nees d'Tunnellen technesch iwwerpréift an duerno gebotzt. De Moment ass den Tunnel Grouft un der Rei.
Den Tunnel op der Penetrante Süd war dëst Joer deen éischten Tunnel, wou d'Maintenance-Ekippen am Asaz waren. An der Nuecht vum 18. op den 19. Mäerz gouf hei geschafft. Bis zu 300.000 eenzel technesch Elementer gi pro Tunnel iwwerpréift a wann néideg ersat.
23 Tunnellen uechter d'ganzt Land si vun dëse Maintenance-Aarbechte betraff. All 6 Méint, eemol am Fréijoer an dann nees am Hierscht, gëtt d'Technik an den Tunnelle getest.
Wann déi technesch Kontrolle bis laanscht sinn, kommen d'Botzekippen. Dat bedeit, datt de betraffenen Tunnel nach eemol fir zirka zwou Nuechte muss gespaart ginn. Datt esou Tunnellen iwwerhaapt reegelméisseg musse propper gemaach ginn, huet e gudde Grond, seet de Pressespriecher vu Ponts et Chaussées, Ralph Di Marco. Ze vill Stëbs a Knascht wier schlecht fir d'Siicht a schlecht fir déi technesch Installatiounen.
An der Nuecht vum 29. op den 30. Mee sinn déi lescht Tunnellen un der Rei. D'Tunnellen Houwald an Cents ginn da gebotzt.
Eng RTL-Ekipp huet eng Nuecht laang eng Maintenance-Ekipp bei den Aarbechten am Tunnel begleet. De Reportage kënnt Dir den 23. Abrëll 2025 am Magazin op der Tëlee an um RTL Play bei der Serie Nuetsschicht kucken.
De Communiqué vu Ponts et Chaussées
Début de la campagne de maintenance et de nettoyage des tunnels autoroutiers le mardi 18 mars 2025: assurer la sécurité et la visibilité (18.03.2025) | |
| |
La première campagne de maintenance et de nettoyage des tunnels autoroutiers pour l’année 2025 commence le mardi 18 mars 2025. L’Administration des ponts et chaussées effectue chaque année deux campagnes de ce genre, au printemps et en automne. Cette maintenance inclut la maintenance préventive et curative des équipements de sécurité (énumérés ci-dessous), le contrôle du fonctionnement et de l’interaction des différents équipements ainsi que le nettoyage des parois des tunnels. En vue de réduire l’impact sur le trafic et tout en tenant compte de la coordination avec d’autres chantiers, les interventions de maintenance et de nettoyage des tunnels sont majoritairement réalisées de nuit. La première campagne de maintenance et de nettoyage aura lieu de mi-mars à fin mai, tandis que la deuxième se déroulera entre début septembre et début novembre. Les dates prévues des interventions pour les différents tunnels peuvent être consultées sur le site du CITA « www.cita.lu ».
Liste des tunnels et passages à gibier concernés : Tunnels Grouft, Rëngelbour, Stafelter, Gousselerbierg, Mersch, Roost, Colmar-Berg, Schieren, Howald, Cents, Richard Serra, Kirchberg, Saint-Esprit, Pénétrante-Sud, Merl, Pétange-Eglise, Biff, Accès Secondaire à Esch-Belval, Micheville, Aessen, Ehlerange, Foetz, Frisange, Mondorf et Markusberg. Principaux équipements concernés par la maintenance (liste non-exhaustive) :
|