Néng Méint, nodeems den éischte Coradia-Zuch zu Ettelbréck a Betrib geholl gouf, fueren déi nei Zich vun e Méindeg un och tëscht Näerzeng a Rëmeleng.

Fir der héijer Demande op de Schinnen nozekommen, ginn iwwer déi nächst Joren d'Fuerwierker vun den CFL erneiert. An deem Kader huet d'Lëtzebuerger Eisebunn am ganze 34 Zich vum Modell Coradia kaf. Am September war et d'Inauguratioun vun den neien Zich op der Streck tëscht Ettelbréck an der Stad. Zanterhier fueren d'Coradia-Zich op de Strecke Stad-Dikrech, Stad-Klengbetten-Arel, Audun-le-Tiche-Esch-Uelzecht a Kautebaach-Wolz. Vun e Méindeg, dem 30. Juni, u kënnt dann nach d'Linn Näerzeng-Keel-Téiteng-Rëmeleng dobäi.

D'Flott vun den aktuell 12 Coradia-Zich vun der Serie 2400 soll an Zukunft nach duerch 12 Zich vun der Serie 2450 verstäerkt ginn. Nieft méi Sëtzplaze bidden déi nei Zich och d'Méiglechkeet d'Waggonen anescht ze koppelen, esou datt se op nach méi staark frequentéierte Strecken agesat kënne ginn.

RTL

© CFL, Patrick Flammang

Donieft schaffen d'CFL schonn zanter e puer Joer un Upassungs- an Ëmbauaarbechten u strategesch wichtege Garen, woubäi d'Quaien op eng Längt vun op d'mannst 250 Meter verlängert ginn, fir déi néideg Plaz fir Zich vun där Längt ze schafen.

Bis Enn 2026 sollen all 34 "Coradia Stream High Capacity"-Zich vun Alstrom am Grand-Duché ukomm sinn. Domat kënnen d'CFL hire Passagéier 46% méi Sëtzplazen ubidden.