Wéinst technesche ProbleemerPassagéier vu Luxair-Fluch op Hamburg hu missen d'Maschinn wiesselen

RTL Lëtzebuerg
E Fluch vun der Luxair, deen en Donneschdeg de Moie vum Findel aus op Hamburg sollt fléien, ass mat engem Retard vun zwou Stonne gestart.
© NurPhoto via AFP

Grond dofir war en technesche Probleem mat der Maschinn vum Typ Havilland 400. Wéi et an engem Schreiwes vun der Fluchgesellschaft heescht, wier dëse bemierkt ginn, wéi d’Maschinn um Rulle war. De Vol op Hamburg gouf doropshi mat enger Ersatz-Maschinn assuréiert. D’Sécherheet vun de Passagéier wier zu kengem Ament a Gefor gewiescht, esou d’Luxair.

Back to Top
CIM LOGO