Luxair an ANA wëllen Zuel vun Nuetsflich reduzéieren

© RTL-Archivbild
D'Lëtzebuerger Fluchgesellschaft an d'Fluchsécherungsverwaltung hunn uganks der Woch eng entspriechend gemeinsam Charte ënnerschriwwen.
Wéi et um Site vum Mobilitéitsministère heescht, géif d'Initiativ vun der Luxair an der ANA hire "gemeinsame Wëlle" weisen, "d'Kaméidi-Belästegung fir d'Awunner ze reduzéieren an nohalteg Praktiken an der Loftfaart ze fërderen".
2023 goufen iwwer 2.500 Nuetsflich um Findel enregistréiert, zejoert waren et souguer iwwer 3.000. Residentë vun Hamm, Sandweiler oder dem Cents bekloe sech schonn zanter méi laangem iwwer d'Heefegkeet vu Flich, déi entweeder am spéiden Owend ukommen oder am fréie Moie starten.
Liest méi heizou am Artikel vun eise Kolleege vun RTL Today.