
Domat soll d’Gare der Hausse vum Zuchtrafic an Zukunft gerecht ginn. Et gëtt eng zousätzlech Linn tëschent der Stater Gare an Hollerech gebaut, d’duebel Voie a Richtung Klengbetten gëtt verlängert an d’Fluxe Richtung Beetebuerg gi getrennt. Et kënnt och een zousätzleche Quai op d’Gare an de Quai 1 gëtt méi laang gemaach. Et géing drëm goen, d’Kapazitéit an d’Pünktlechkeet z’erhalen an et wier e wichtegen Invest an d’nohalteg Entwécklung, esou d’DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes en Donneschdeg de Moien an der Chamber.