Nom Accident op der A6 en DënschdegD'Vitess bleift op enger Streck vu 500 Meter op 90 km/h limitéiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg ass et op der Héicht vu Stroossen op der A6 zu engem méi uergen Accident komm.
D’Kalifornesch Mauer op der A6 nom Accident.
© Domingos Oliveira / RTL

E Camion, deem e Pneu geplatzt war, ass hei ëmgefall a krut d’Kalifornesch Mauer ze paken, déi beim Accident zerstéiert gouf.

Wéi d’Ponts et chaussées e Freideg an engem Schreiwes matdeelen, gouf nom Accident eng provisoresch Kalifornesch Mauer op dëser Plaz installéiert. Ma well et sech net ëm déi definitiv Mauer handelt, wäert d’Vitess op enger Streck vu 500 Meter op 90 Stonnekilometer limitéiert bleiwen. Dëst bis déi richteg Mauer op der Plaz installéiert wier. Déi entspriechend Aarbechte géife gemaach ginn, wann d’Stécker bis geliwwert wieren, wat an e puer Wochen de Fall wier.

D'Schreiwes vu Ponts et chaussées
D’Schreiwes vu Ponts et chaussées

Back to Top
CIM LOGO