
Zejoert hunn 31,4 Millioune Leit hei am Land den Zuch geholl, fir sech bannent Lëtzebuerg oder iwwer d’Grenzen ewech ze deplacéieren. Wéi d’CFL an engem Communiqué matdeelen, wier dat en neie Rekordwäert. D’Zuel vun de Passagéier wier deemno géigeniwwer dem ale Rekord aus dem Joer 2024 ëm 0,57 Prozent geklommen.
Déi meescht Passagéier gouf et zejoert - ewéi och schonn an de Jore virdrun - op der Linn “Lëtzebuerg - Rodange - Esch”. Duerno kommen d’Linne “Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - Gouvy” a “Lëtzebuerg - Diddenuewen - Metz”.
Dass et op en neits e Rekord bei de Passagéierzuele gouf, géing den CFL no och d’Wichtegkeet vun de pluriannuellen Investitiounsprogrammer ënnersträichen. Mam progressive Mise en service vu 34 Zich vum Typ “Coradia Stream High Capacity” géif een en Ausbau vun der Zuel vun de Sëtzplazen ëm 46 Prozent uviséieren.
Iwwerdeems géif mat Aarbechten um Schinnennetz séchergestallt ginn, dass dëst och an Zukunft fir nei Rekorder bei de Passagéierzuelen ausgeluecht wier. Schonn zanter e puer Joer géif um Bau vu grousse multimodalen Echange-Pole geschafft ginn, fir déi Deeler vum Reseau ze entlaaschten, déi am meeschte beusprocht ginn.