
Ugefaange beim 95er Bensinn, deen ëm 1,8 Cent méi deier gëtt an domadder zum Joreswiessel 1,410 Euro de Liter kaschte wäert. Beim 98er Bensinn an dem Diesel ass et eng Präishausse vu jeeweils 1,6 Cent. Den 98er wäert domat 1,539 Euro de Liter kaschten an den Diesel 1,389 Euro. An och de Masutt gëtt méi deier, dat ëm 2,5 Cent op elo 0,822 Euro pro Liter.
