
Festlech dekoréiert Traktere mat Luuchten a Musek zéien duerch d’Land a bréngen Chrëschtdagsstëmmung op d’Stroossen. D’Initiativ geet op d’Jongbaueren zeréck, déi an enger Zäit vu Kontaktbeschränkungen a Visitteverbueter bewosst laanscht Altersheemer a Spideeler gefuer sinn, fir de Leit e Moment vu Freed ze schenken.
Fir d’Jil Thorn, Presidentin vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l., steet fest: Opzehale kënnt fir si net a Fro. All Joer géifen ëmmer méi Leit laanscht de Stroosse stoen, fir den Traktertour ze kucken, an sech drop freeën. Dat Ganzt misst awer gutt organiséiert ginn. D’Strecke ginn esou geplangt, dass si zentral an ofwiesslungsräich bleiwen. Altersheemer a Spideeler ginn esou gutt wéi méiglech agebonnen, woubäi d’Tier all Joer liicht geännert ginn, fir dass ëmmer nees aner Leit vun der Aktioun profitéiere kënnen.
Nieft der Chrëschtdagsatmosphär huet den Tour awer nach eng aner Wierkung: Hie mécht och op d’Landwirtschaft an hir Erausfuerderunge opmierksam. D’Liewen als Bauer ass net ëmmer einfach. Präisschwankungen, onsécher Bedéngungen um Marché an déi grouss Verantwortung fir de Betrib a d’Béischte gehéieren zum Alldag. Besonnesch fir jonk Leit ass et net ëmmer evident, d’Decisioun ze huelen, e Betrib ze iwwerhuelen. Hei hofft d’Jil Thorn och weiderhin op Ënnerstëtzung vun der Politik.
Gleeft een der Presidentin, da spillt d’Gläichberechtegung an der Landwirtschaft haut eng wichteg Roll. Zwar kéim et nach vir, dass Fraen, besonnesch vun der eeler Generatioun, komesch gekuckt ginn, wa si um Haff matschaffen oder Verantwortung iwwerhuelen. Bei de jonke Baueren ass dat awer kaum nach en Thema. Do géif Gläichberechtegung selbstverständlech gelieft ginn.
Bauer sinn heescht och, gutt organiséiert ze sinn. Spontan an d’Vakanz fueren ass bal onméiglech. D’Béischte mussen all Dag gefiddert ginn – egal ob Weekend oder Feierdag. Eng Vakanz muss dofir ëmmer gutt geplangt ginn, meeschtens am Familljekrees, fir sécherzestellen, dass ëmmer een um Haff ass. Den Haff kann net einfach eng Woch eidel bleiwen.

Trotzdeem entscheede sech ëmmer nees Jonker fir d’Landwirtschaft. Fir vill ass et méi wéi nëmmen en Job: “Et ass eng Leidenschaft. D’Aarbecht dobaussen, d’frësch Loft an de Kontakt mat den Déiere ginn engem um Enn vum Dag d’Gefill, de richtege Wee ageschloen ze hunn” , och wann d’Unerkennung aus der Gesellschaft net ëmmer esou grouss wier, wéi et sech vill Baueren wënschen.
Ofhale loosse sech d’Jongbaueren dovunner awer net. Och dëst Joer si rëm eng sëllechen Traktere mam Chrëschttour ënnerwee – als Symbol vu Solidaritéit, Freed an enger Landwirtschaft, déi fest an der Gesellschaft verankert bleift.