Christmas-Tour 2025Wou sinn d'Traktere mat der Beliichtung wéini ënnerwee?
Mir hu fir Iech hei déi verschidden Tier nach emol resuméiert an iwwersiichtlech zesummegefaasst.
D’Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) hunn och dëst Joer nees en Traktertour de 26. Dezember organiséiert.
D’Iddi gouf wärend der Pandemie gebuer, fir de Leit an den Altersheemer, de Spideeler oder anere soziale Strukturen eng kleng Freed ze maachen. An engems wollt een awer och dem Personal Merci soe fir hiert Engagement. Dofir hu se hir Traktere flott gerëscht, mat e sëllege Luuchten ekipéiert an och Musek gëtt gespillt.
Well déi Aktioun sou gutt bei de Leit ukomm ass, gouf och och déi Joren duerno nees en Traktertour fir Chrëschtdag organiséiert.
Dëst Joer maache mat:
- LLJ Cliärref
- LLJ Dikrich
- LLJ Furen
- LLJ Zenter
- LLJ Süden
- LLJ Maacher
- LLJ Uewersauer
Déi éischt Departe vun den Traktere sinn de 26. Dezember um 16.30 Auer.
Hei den Iwwerbléck vun de verschiddenen Tier, wou d’Traktere géint wéi vill Auer ze gesi wäerte sinn
LLJ Cliärref - Vun Ëlwen iwwer Lellgen, Clierf, Näidsen, Wilwerdang zeréck op Ëlwen
LLJ Dikrich & LLJ Furen - Vun Ettelbréck iwwer Ierpeldeng-Sauer bis Dikrech, Tandel a Veianen
LLJ Zenter: - Vu Recken iwwer Miersch, Pëtten, Colmer-Bierg bis Mäerzeg, Préizerdaul, Réiden, Hueschtert a Rammerech
LLJ Süden - Vun Duelen iwwer Mamer, an d'Stad, Kockelscheier, Beetebuerg, Téiteng, Rëmeleng bis Esch a Bieles
LLJ Maacher - Vu Bus iwwer Kanech, Gouschteng, Gréiwemaacher, Waasserbëlleg bis Rouspert an Iechternach
Chrëschttour - Déi verschidde Rendez-vousen
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
E Réckbléck op déi lescht Editioune vum Christmas-Tour
2024
Christmas Tour LLJ Maacher (26.12.24)
Dëse Cortège vun den Trakteren hat ëm 5 Auer säin Depart um P&R zu Lënster, vu wou aus et dunn iwwer e sëllegen Dierfer bis op Iechternach goung.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Christmas Tour LLJ Maacher vum Fernand Schmitz (26.12.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Christmas Tour LLJ Zenter vum Charles Reiser (26.12.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Christmas Tour LLJ Uewersauer an Dikrech-Furen vum Ketty a Rom Hankes (26.12.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
2023
Christmas-Tour 2023 mat 350 Trakteren (26.12.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
2022
Christmas-Tour ë.a. zu Ëlwen an Dikrech (26.12.22)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Christmas-Tour 2022 ë.a. zu Gréiwemaacher (26.12.22)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Christmas-Tour 2022 am Préizerdaul (26.12.22)