
Et ass dee gréissten Club am Land – an deen, deen déi meeschten Telefonsappelle kritt: den Automobilclub mat senge knapp 191.000 Memberen. An datt d'Hëllef an d'Assistenz vum ACL 24 op 24 a siwen Deeg op siwe gefrot ass, weisen déi 196.000 Appellen, déi bei der Zentral gezielt goufen.
Den ACL ass dann och houfreg op senger Generalversammlung drop hinzeweisen, datt 85 Prozent vun allen Autospannne konnten op der Plaz gefléckt ginn, sou datt keen Ofschleefen néideg war.
Den ACL ass awer entretemps villméi wéi d'Hëllef am Fall vun enger Autospann, wat de Club zanter iwwer 90 Joer ubitt, mee d'Pallette vun den Aktivitéite geet vum Automobilsport iwwer de Karting mat engen 19.000 Clienten bis zur Verkéierssécherheet an Oldtimer-Ween.
Den ACL huet zejoert mat engem Ëmsaz vu knapp 33 Milliounen Euro ofgeschloss, woubäi d'Cotisatioune vun de Memberen iwwer 21 Milliounen Euro ausmaachen.
President ass weiderhin d'Miriam Eisenmenger, Direkter den Yves Wagner. Den ACL zielt eng 225 Salariéen, déi op 32 Zerwiss-Ween zréckgräife kënnen.