Optakt vum Auto-OccasiounsfestivalZuel vun zougeloossenen Occasiounsween zu Lëtzebuerg zejoert ëm 4,5% geklommen

Lynn Cruchten
Eng 50 Garagen hei am Grand-Duché maache vum 1. bis den 13. Juni beim Auto-Occasiounsfestival mat.

De Lëtzebuerger Autosmarché gëtt zënter e puer Jore vun den Occasiounsween dominéiert, déi zejoert eng 57 Prozent vun den Immatrikulatiounen ausgemaach hunn.

2025 goufen den Zuele vun der SNCA no méi wéi 62.000 Occasiounsautoen am Grand-Duché zougelooss. Dat ass e Plus vu 4,5% par Rapport zum Joer virdrun. Am Kader vum Occasiounsfestival offréieren d'Garagiste speziell Offeren, wéi zum Beispill Remisen op de Verkafspräisser oder méi laang Garantien op de gebrauchte Gefierer.

Obwuel et fir den Optakt vum Festival um Méindeg nach roueg an de Garagë war, rechent een am Secteur domat, datt sech an den nächsten Deeg vill Intresséierter an de "Showrooms" wäerten ëmkucken. Bei der Fro, ob och Elektroautoen um Occasiounsmaart gefrot sinn, krut RTL ënnerschiddlech Äntwerte vu Garagisten.

Deen een huet d'Elektrobranche am Kontext vun de gebrauchte Ween als schwiereg beschriwwen. Vill Leit géife mengen, datt scho benotzt Batterien net méi laang géifen halen a se hätten och Bedenke wéinst der Weiderentwécklung vun den Technologien.

Eng aner Garage keeft geziilt och gebraucht Elektrogefierer an, well d'Demande dono géif klammen. Et gëtt dann och un déi staatlech Primmen erënnert, vun deenen ee beim Kaf vun engem Elektroauto ka profitéieren.

Iwwert den Auto-Occasiounsfestival hu mir am Journal och mam FEDAMO-President Philippe Mersch geschwat:

Back to Top
CIM LOGO