Iwwer 5 Millioune Leit sinn 2025 vum Findel aus an d'Vakanz geflunn. Dëst Joer wäerten no u 6 Millioune Mënsche vu Lëtzebuerg aus an d'Welt reesen. De Fluchhafe platzt aus allen Néit. "Im Juli und August fliegen 1,2 Millionen Passagiere von Luxemburg aus in die Ferien. Das sind 13,5 Prozent mehr als im Vorjahr", sou den Alexander Flassak, Generaldirekter vu lux-Airport.
Ausgebaut ginn d'Terminalen A a B. Enn 2028 soll de B ausgebaut sinn. 4 Joer drop den A. Profitéieren aktuell eng 5 Millioune Leit vum Findel, fir vun hei aus an d'Vakanz ze starten, sou kéinten et am Joer 2050 bis iwwer 10 Millioune Passagéier sinn, déi vu Lëtzebuerg aus mam Fliger an d'Vakanz fléien. "Es hänkt ganz davon ab, wie stark die Spitzenzeiten sind. Wir haben die Spitzenzeiten spät abends, morgens ganz früh. Die zweite Welle vor 10 Uhr. Dazwischen eher weniger. Da sind noch viele Slots frei. Aber natürlich müssen die Airlines auch für sich optimiert fliegen können. Das heisst vor allem früh morgens raus. Es geht also viel mehr um die Spitzenstunden als um den Durchschnitt am Tag".
Um Tarmac ass aktuell Plaz fir eng 27 Fliger. Nom Ausbau kéinte bis 53 Fliger gläichzäiteg de Lëtzebuerger Fluchhafen notzen.
An Tëschenzäit goufen awer och schonn eng Partie Changementer am Fluchhafegebai virgeholl. De Confort vun de Leit soll verbessert ginn.
Grouss Ecrane goufen och am Fluchhafen installéiert. Op dëse fënnt een all d'Informatioune ronderëm de gratis Transport zu Lëtzebuerg. Domadder kënnt een och enger Demande vun de Passagéier no.
Adaptatioune goufen et och am Parking-Sous-Terrain. Panneaue mat allerlee Informatioune sollen de Passagéier d'Liewe méi einfach maachen, fir den Auto ze parken.