Nach bis 16 AuerWéinst Maintenanceaarbechte kritt een aktuell kee Sprit op der Pompelstatioun zu Steebrécken, A4 Richtung Esch

Andy Brücker
Grond ass deemno net e Spritmangel, wéi verschidde Leit scho gemengt haten.
© RTL Mobile Reporter

En opmierksamen Automobilist huet eis eragemellt, dass op der Autobunn A6 virum Zéissenger Kräiz a Richtung Gaasperecher Kräiz op dem Signalisatiounspanneau ze liesen ass, dass et aktuell kee Sprit op der Bensinnsstatioun zu Steebrécken gëtt.

Op Nofro beim CITA war et d'Informatioun, dass et sech ëm déi nei Tankstell handelt, a Richtung Esch. Et géif sech ëm eng geplangte Maintenance handelen an dofir géif een d'Automobiliste via Panneauen informéieren. Et wier deemno kee Spritmangel.

© RTL Mobile Reporter

D'Entretiensaarbechten dierfte géint 16 Auer um Dënschdeg ofgeschloss sinn. Et sinn Aarbechten, déi esou all 5 Joer mussen duerchgefouert ginn, sou d'Ausso vun engem vun de Responsabele vun der Maintenance-Ekipp.

Den Accès op d'Statioun ass awer och elo weiderhi méiglech an och de Shop ass op. Fir d'Leit, déi hiren Elektroauto wëlle lueden, gëtt et deemno och keng Restriktioun.

Um Mëttwoch de Moie wäert den Accès fir d'Camionen nach emol mussen zougemaach ginn, fir do final Aarbechten duerchzeféieren.

Ponts et Chaussées hunn d'Ofspärungen installéiert, fir déi néideg Sécherheet ze garantéieren.

© RTL Mobile Reporter

Back to Top
CIM LOGO