Fuert Dir an d'Schivakanz?Den däitschen ADAC seet fir de Weekend vill Trafic a Stau viraus

AFP
Wéinst der Fuesvakanz an der gläichzäiteger Wantersport-Saison gëtt fir spéitstens de kommende Weekend mat fatzeg Stau op den däitschen Autobunne gerechent. Virun allem a Süde vun Däitschland, sou den ADAC.
Wegen Faschingsferien und Wintersport rechnet der ADAC am zweiten Februarwochenende mit Staugefahr. Der Beginn der Faschingsferien führe vor allem im Süden Deutschlands zu stockendem Verkehr, teilte der Automobilklub in München mit.
© AFP/Archiv

Hei am Land hu verschidde Lycéesschüler jo schonn dës Woch Vakanz, dat an deene Schoulen, wou et Semester ginn. Munch ee wäert also nach laanscht de Stau kommen, dee se op den däitschen Autobunne fir de kommende Weekend annoncéiert huet. Den ADAC rechent nämlech fir den zweete Februar-Weekend mat extra vill Trafic a Staugefor. A Bayern, am Saarland an an Thüringen fänkt da wéi hei am Land offiziell d’Fuesvakanz un. E Freideg kéint et also schonn zu den éischte Staue kommen, virun allem a Richtung Wantersport-Gebidder an d’Alpen an an d’Mëttelgebirge.

Wat an Däitschland nach dobäi kënnt. Op ville Plaze si wéinst de geplangte Kavalkade fir d’Fuesent sëllege Stroosse komplett gespaart. A München suergt d’Sécherheetskonferenz fir zousätzlech Spärungen, dobäi kommen an deem Kader Demonstratiounen a Policeeskorten.

Den ADAC seet och viraus, dass déi schlecht Verkéierssituatioun sech och wäert op déi wichtegst Transitautobunne an den Nopeschlänner verlageren. Net vergiessen, sollt een och, dass bei der Arees an Däitschland eng Grenzkontroll op ee waart an dat heescht extra Waardezäit. Op ville Plaze gëtt wéinst de wanterleche Konditiounen nach viru glate Stroosse gewarnt.

Back to Top
CIM LOGO