+15% Ëmmer méi Stau bei eisen däitschen Noperen am Saarland

RTL Lëtzebuerg
Am meeschte Stau war 2025 op der A620 tëscht Saarlouis, Völklingen a Saarbrécken.
© AFP

Bei eisen däitschen Noperen am Saarland gëtt et ëmmer méi Stau. Am Laf vum leschte Joer 15% méi wéi nach 2024, mellt den ADAC. Iwwer 5.930 Stau-Stonne goufen eleng op den Autobunne gezielt, am meeschten op der A620 tëscht Saarlouis, Völklingen a Saarbrécken.

Alles an allem huet den däitschen Automobil-Club fir sämtlech 16 Bundeslänner 866.000 km Stau fir 2025 registréiert. Dat sinn der 7.000 méi wéi d’Joer virdrun a virun allem géif de Stau sech och ëmmer manner séier opléisen. Fir dëst Joer gëtt sech och keng Besserung erwaart.

Back to Top
CIM LOGO