Lawinen an den Alpen Op d'mannst 6 Doudesaffer dëse Weekend, Gefor bleift héich

Jeannot Ries
Eleng dëse Weekend sinn an den Alpen op d’mannst 6 Mënschen duerch Lawinen ëm d'Liewe komm.
Lawinen an den Alpen
Op d’mannst 6 Doudeger dëse Weekend, Gefor bleift héich.

D’ Zuel vun déidlechen Tëschefäll ass dëse Wanter erschreckend héich. Eng Situatioun, déi och vill Lëtzebuerger dierft beschäftegen. Ëmmerhin ass nächste Weekend, wou d’Fuesvakanz ufänkt, fir vill Leit den Depart an d’Bierger.

Wisou ass d’Lawine-Gefor den Ament esou grouss?

D’Meenung, datt Lawine just baussen den ofgesécherte Pisten erofkommen, nodeems et vill geschneit huet, ass leider falsch. Dëse Wanter hu sech souguer op Piste Schnéibrieder aus Konschtschnéi geléist.

De Luc Nicolina, Direkter fir Sécherheet a Pisteur-Secouriste am franséische La Plagne ass kategoresch. De Klimawandel stellt déi Responsabel vun de Schistatioune virun nei Erausfuerderungen. Al Iwwerzeegunge ginn iwwer d’Kopp gehäit.

‘’ Toutes nos connaissances sur la neige et son comportement sur les risques d’avalanche sont en train d’évoluer. Il faut que nous arrivions à faire fi de toutes nos certitudes, puisque les choses ne fonctionnent plus de la même manière, à mieux comprendre comment se comporte maintenant le manteau neigeux, d’où l’importance de la collaboration entre les gens de terrain, les scientifiques. ‘’

Den Ament läit d’Lawinegefor an den Alpe generell op ville Plaze bei 3. Dat op enger Skala, déi bis 5 eropgeet.

Wéi grouss sinn d’Chancen, eng Lawin z’iwwerliewen? Wéi soll ee sech virbereeden?

Am Fall, wou e Schifuerer an eng Lawin geréit, leie wärend den éischten 10 Minutten d’Iwwerliewenschancë bei 90%. An zwee-Drëttel vun den déidlechen Accidenter erstécken d’Affer. Déi aner Haapt-Doudesursaach sinn Traumaen.

Et ass wichteg, datt virun allem Leit, déi abseits de Piste fueren, respektiv Schi-Toure maachen, richteg equipéiert sinn. Mat virop engem speziellen Apparat, fir Affer vu Lawinen ze detektéieren.

De Luc Nicolina erkläert: “Le matériel de sécurité indispensables par terrain hors-piste, la première chose c’est les DVA, les détecteurs de victimes d’avalanche, qui sont ces petits boîtiers électroniques, qui permettent surtout d’être autonome en cas d’accident d’avalanche, de pouvoir sortir son collègue de la coulée avant l’arrivée des secours. ‘’

En Equipement, bei dat och eng Schëpp an eng Sonde gehéieren. Käschtepunkt ronn 260 Euro. Eventuell kann een och nach an en Airbag investéieren. Material, dank deem een effektiv Liewe rette kann.

Back to Top
CIM LOGO