Policeasaz mat Schosswaff zu Tréier34 Joer ale Mann, dee mat Messer duerch d'Foussgängerzon gelaf ass, weider am Spidol

RTL Lëtzebuerg
Een Dag nom Asaz, bei deem e Mann mat Messer am Zentrum vun der Police ugeschoss gouf, sinn nach net vill Hannergrënn bekannt.
© Kevin Schößler

De blesséierte Mann konnt mëttlerweil identifizéiert ginn. Et handelt sech ëm en 34 Joer alen däitsche Staatsbierger vun Tréier, dee weiderhin an enger Klinik behandelt gëtt. D’Police rifft weider Zeien dozou op sech ze mellen.

Den Tréierer Buergermeeschter Wolfram Leibe huet sech fir Zréckhalung bei Spekulatiounen ausgeschwat. Iwwerdeems huet hien drop higewisen, datt esou grouss Asätz bei ville Leit schwiereg Erënnerungen un d’Amokfaart vun 2020 erwächen. Hien huet awer och dat séiert a professionellt Agräife vun de Rettungsdéngschter gelueft.

Bis d’Ermëttlunge ofgeschloss sinn, bleiwen d’Hannergrënn an de geneeë Verlaf vum Asaz wuel nach onkloer.

Back to Top
CIM LOGO