
D’Federatioun vun den Autosgaragen ass zefridden mat dëser Editioun vum Autofestival. Konkret Zuelen iwwer Venten oder Leasing-Kontrakter stinn am Communiqué net. Ma d’Visiteurszuelen an de ronn 90 Garagen déi matgemaach hunn wäre mat deene vum leschte Joer ze vergläichen. D’Fedamo ënnersträicht, dass vill Cliente sech fir klassesch thermesch Motoren interesséiert hunn. Bei anere Marken waren et déi elektresch Gefierer déi interesséiert hunn. Deemno wär et fir d’Federatioun kloer, dass d’Offer divers muss sinn: Verbrenner, Hybrid a Voll-elektresch. Déi meescht Garage verlängeren hir Konditioune vum Autofestival bis Enn Februar.
