Futtball-Championnat: BGL LigueRacing gewënnt no 75 Minutten Iwwerzuel bei Kanech

RTL Lëtzebuerg
Déifferdeng, Diddeleng a Stroossen hunn hir éischt Matcher no der Wanterpaus gewonnen, wärend Biissen zwee Punkte bei der Escher Jeunesse leie gelooss huet.
© Val Wagner

E Sonndeg war d’Reprise vun der BGL Ligue no bal 2 Méint Wanterpaus.

Am Duell vun de Mëttelfeldekippen huet de Racing 3:1 zu Kanech gewonnen. Domat tausche béid Ekippen an der Tabell d’Plazen. All d’Goler ware schonn no 45 Minutte gefall. Dobäi war Kanech schonn an der zweeter Minutt a Féierung gaangen, mee de Racing konnt de Match bannent 15 Minutten dréinen. Et war laang e Gedoldsspill fir d’Gäscht vum Verluerekascht. Kanech war schonn no 16 Minutte just nach zu zéng um Terrain (Rout fir de Kuete), mee et hat nach eng Véierelstonn gedauert, bis dem Racing den Ausgläich gegléckt war. An der zweeter Hallschent hunn d’Gäscht de Virsprong geréiert, ouni sech awer gutt Golchancen erauszespillen.

De Resumé vum Match Kanech géint Racing (BGL Ligue)
De Racing huet seng laang Iwwerzuel genotzt an um Enn 3:1 zu Kanech gewonnen.

Atert Biissen huet beim 1:1 op der Escher Grenz zwee wichteg Punkte leie gelooss. No enger morer éischter Hallschent war Biissen séier den 1:0 gegléckt, haten awer de Manko, dass si zënter der 38. Minutt just nach zu zéng um Terrain stoungen. D’Jeunesse hat laang Schwieregkeeten, fir sech geféierlech Chancen erauszespillen. An der Nospillzäit hunn déi Schwaarz-Wäiss awer alles no vir gehäit a goufe mam spéiden Ausgläich belount.

Den Tabelleleader Déifferdeng huet dem Opsteiger Mamer beim 5:0 keng Chance gelooss. Den FCD huet sech am éischte Match no der Wanterpaus laang schwéier gedoen, an et huet en Eelefmeter gebraucht, fir a Schwong ze kommen. Am weidere Verlaf huet Déifferdeng de Match ëmmer méi op seng Säit gezunn an de Virsprong kontinuéierlech ausgebaut. D’UNA Stroossen huet mat der Victoire géint Hesper seng zweet Tabelleplaz gefestegt, Diddeleng bleift ee Punkt hannendrun.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Jeunesse Esch - Biissen 1:1
0:1 Borger (59', Eegegol), 1:1 Elshan (90'+1)

Déifferdeng - Mamer 5:0
1:0 Hadji (19', Eelefmeter), 2:0 Abreu (43'), 3:0 Mfoumou (49'), 4:0 Pinto (62'), 5:0 Abreu (71')

Stroossen - Hesper 3:0
1:0 Perez (47'), 2:0 Romeyns (66'), 3:0 Perez (90', Eelefmeter)

Diddeleng - Käerjeng 1:0
1:0 Delorge (89')

Rodange - Hueschtert 1:2
1:0 Monteiro Lima (25'), 1:1 Derbali (70'), 1:2 Fernandes (77')

Kanech - Racing 1:3
1:0 Rouffignac (2'), 1:1 Matuvangua (33'), 1:2 Ikene (42'), 1:3 Kanté (44')

Munneref - Nidderkuer 1:0
1:0 Matias (51')

Rouspert - Péiteng 0:3
0:1 Kastrati (45'+2), 0:2 Hemkemeier (58'), 0:3 Ako Nguessan (66')


Den Iwwerbléck vun de Resultater

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO