ReamenagementsaarbechtenD'Ettelbrécker Avenue des Alliés ass vum 20. bis den 22. Juli zum Deel gespaart

RTL Lëtzebuerg
Vun e Méindeg bis e Mëttwoch gëtt an der Avenue des Alliés zu Ettelbréck geschafft, well ënner anerem d'Fuerspuer en neien Tapis kritt.
© Marc Hoscheid

Wéinst den Aarbechten wäert d'Avenue des Alliés da vun nächste Méindeg un op der Streck tëscht dem Haus mat der Nummer 42 an dem Agang respektiv dem Ausgang vun der Uertschaft fir den Trafic gespaart sinn. Nëmmen d'Awunner vun der Strooss, Fournisseuren an d'Clientë vun der Tankstell dierfen deen Ament duerch d'Strooss fueren. Och de Rond-point Vickar wäert deen Ament gespaart sinn.

Den Trafic, dee vun der B7 an Ettelbréck eraleeft, wäert iwwert den Ettelbrécker Contournement deviéiert ginn. Den Trafic, dee vun der Aktivitéitszon a Richtung Zentrum fiert, gëtt iwwert d'Rue du Deich ëmgeleet. Wann een aus dem Ettelbrécker Zentrum wëll a Richtung Schieren fueren, gëtt een iwwert d'Rue du Deich, d'Aktivitéitszon an d'Rue Jean-Pierre Thill deviéiert.

Den Detail vun den Deviatioune fannt Dir hei.

D'Ettelbrécker Avenue des Alliés gëtt jo am Kader vum Ausbau vun der B7 reamenagéiert:

Back to Top
CIM LOGO