
Et ass schonn e komescht Signal grad elo an Zäiten, an deenen d’Regierung duerch de Krich am Iran nees ënnersträicht, wéi wichteg déi energeetesch Onofhängegkeet ass an engem déi héich Spritpräisser d’Elektromobilitéit vläicht nees méi attraktiv erschénge loossen. Den Ament gëtt et keng gesetzlech Basis, fir e staatleche Subside fir eng Born (“Wallbox”) doheem z’installéieren, fir säin Elektroauto ze lueden. Den ale Regime, deen e Subsid vu bis 50 Prozent virgesäit, ass op den 31. Dezember ausgelaf, mä bis elo ass de Gesetzprojet, mat deem dëse Subsid verlängert sollt ginn, nach net an der Chamber gestëmmt ginn. Persounen, déi haut eng Born kafen, kënnen also aktuell net vun engem Subsid profitéieren. Et gëtt allerdéngs d’Zouso, datt dat neit Gesetz réckwierkend op den 1. Januar dëst Joer gëlle soll. D’Ëmweltverwaltung präziséiert dann och, datt ee seng Demande elo schonn erareeche kann.
D’Demande géif dann traitéiert, soubal d’Gesetz dann och gestëmmt ass. Et kënne jo och gutt a gär mol e puer Méint vergoen, bis ee seng Suen um Kont huet.
D’Regierung hat den Gesetztext 8577 den 9. Juli d’lescht Joer deposéiert an de Staatsrot dräi Deeg drop saiséiert. Deen huet awer elo réischt d’lescht Woch säin Avis ofginn. En Avis, deen also lo mol nach vun de Membere vun der Ëmweltkommissioun vun der Chamber opgeschafft muss ginn.
Erkläerten Zil vum Text war et u sech, fir besonnesch och méi Leit a Residenzen duerch eng vereinfacht Prozedur dozou ze kréien, eng Elektroborn z’installéieren.
Och dat neit Gesetz vum “Klimabonus” am Beräich vum Wunne léisst fir den Ament nach op sech waarden. Hei falen all d’Subside fir eng energeetesch Sanéierung fir eng bestoend Wunneng drënner. Zum Beispill d’Installatioun vun enger Wäermepompel.
Genee wéi bei den Elektroborne wollt d’Regierung och de Klimabonus “Wunnen” mat punktuellen Adaptatiounen iwwert den 1. Januar vun dësem Joer verlängeren. D’Bäihëllefe gëlle fir Demanden, déi tëscht dem 1. Januar 2026 dëst Joer bis den 31. Dezember 2030 datéiert sinn. Awer och hei ënner Virbehalt, datt dat deementspriechend Gesetz an der Chamber ugeholl gëtt.
D’Photovoltaik-Anlagen, fir déi zanter Uganks des Joers jo lo de Prefinanzement gëllt, sinn heivunner ausgeschloss. Fir si gëtt et e separate Gesetztext.