
Fir d'Awunner, de ganze Commerce, d'Restauratioun an d'Bistroen bleift d'Stad accessibel. All "déi Leit, déi sech wëllen an der Stad beweegen" déi kënnen dat och maachen, verséchert de Chef vum Service Circulation vun der Stater Gemeng Romain Pax am RTL-Interview. "D'Stad bleift accessibel iwwert de ganzen Dag", fir jiddereen, och fir déi, déi net direkt eppes mam Marathon ze dinn hunn.
Et muss awer vun 16.30 Auer a plazeweis och e bëssen éischter mat Spärunge gerechent ginn, esouwuel um Kierchbierg, wéi och um Lampertsbierg. Do ginn dann Deviatioune fir de Verkéier an den ëffentlechen Transport ageriicht.
Leit, déi op de Marathon wëlle kommen, gräifen am beschten op d'Park and Riden um Bouillon awer och beim Stadion zeréck. Déi si mam ëffentlechen Transport, Bus an Tram, gutt un de Stadzentrum ugebonnen. Verschidden Arrêten awer warnt de Romain Pax wäerten zäitweis och fir den ëffentlechen Transport net accessibel sinn, wann d'Course grad dee Moment op deene Plazen ënnerwee ass. Och d'Stroosse si punktuell fir den Trafic gespaart, wann d'Leefer grad do ënnerwee sinn. Et sinn awer iwwer Passagen ageriicht, wou Streckeposte sëtzen. Hei kënnt ee vun der enger Säit op déi aner vum Parcours, och wann d'Course grad amgaangen ass. Esou kënnt all Persoun, déi an der Stad wunnt, heem an och fort zu all Moment, wou si dat wëll.

D'Spidol um Kierchbierg huet dann dëse Samschdeg och Garde. Do huet een d'Situatioun esou gereegelt, datt ee bis 16.30 Auer ouni Problemer bis dohinner kënnt. Dono fänken d'Mesurë fir de Marathon um Kierchbierg un a verschidden Accèse gi gespaart. Iwwert de Rond-point Serra awer, also och iwwer d'A1 an d'A7, kënnt een awer permanent ouni gréisser Problemer an d'Spidol. Och den Accès iwwer d'Neiduerf fir erop bei d'Klinick bleift permanent op.
Wann de leschte Leefer bis duerch ass, dauert et mat de Botz- an Opraumaarbechten nach e bëssen, bis d'Streck nees normal fir den Trafic kann opgoen. Bis "eng hallef Stonn bis eng Stonn nom leschte Leefer" kéint et dem Romain Pax no daueren, bis d'Stroossen nees op sinn. Um Kierchbierg awer, wou esouwuel den Depart wéi och d'Arrivée ass, bleift d'Lafstreck awer bis zum Schluss zou.