D’Transitioun an der Elektromobilitéit ass eng vun de groussen Erausfuerderunge fir Europa bis 2035. D’Firma Lyten engagéiert sech am Beräich vun der Nohaltegkeet duerch d’Hierstellung vu spezielle Batterië fir Elektrogefierer. D’Startup aus dem amerikanesche Sillicon Valley huet rezent decidéiert, hiren europäesche Sëtz zu Lëtzebuerg anzeriichten. Grënn wieren déi zentral Plaz an Europa, déi vill héich qualifizéiert Leit an d’Visioun vun der Nohaltegkeet, déi ee mat der Regierung géing deelen, sot de Lars Herlitz, Co-Fondateur vu Lyten en Donneschdeg de Moien. Aus dësem Grond hunn hien an déi zoustänneg Ministere Yuriko Backes (DP) a Franz Fayot (LSAP) e sougenannte “Protocole d’entente” tëscht der Entreprise an der Regierung um Belval ënnerschriwwen.
An de Batterien, déi d’Startup produzéiert, ass keen Néckel a kee Kobalt dra verschafft. Bei dëser Matière handelt et sech ëm seelen Äerden, déi deier sinn, an haaptsächlech aus aarme Länner mussen importéiert ginn. Dëst bréngt awer och mat sech, dass d’Batterië méi liicht sinn an net géinge Feier fänken.
Produzéiert ginn d’Batterien net hei am Land. Geplangt ass awer trotzdeem net just e Büro fir den europäesche Siège, mä eng Plaz fir d’Recherche an d’Entwécklung. Esou wéilt een och Infrastrukture schafen, fir Pilotprojeten an der Hierstellung. Et géing ee plangen, iwwert d’Zäit ze wuessen a méi a méi Leit anzestellen, huet de Lars Herlitz betount.
Wéi vill Leit fir d’Entreprisë wäerte schaffen, ass nach net kloer. Et kéint ee sech gutt virstellen, dass d’Büroen op den Automotive Campus zu Biissen kommen, huet de Wirtschaftsminister Franz Fayot ënnerstrach. Hei plangt een en Inkubator fir Entreprisen an der Elektromobilitéit.
Nach dëst Joer sollen déi nei Batterië vu Lyten op de Maart kommen. Et wäert awer nach Joren daueren, bis se kënnen an Autoe verbaut ginn, well een dofir géing Milliarde Batterië brauche, sou de Lars Herlitz.
Link: D’Schreiwes vum Gouvernement, Ekonomies- a Finanzministère.