
Bensinn, Diesel, Gas, Elektro oder vläicht esouguer Waasserstoff? Wann ee sech een neien oder gebrauchten Auto kafe wëll, huet eng breet gefächert Auswiel. Well ech där ganzer Elektrogeschicht nach net sou ganz trauen a souwisou op der Sich no enger Occasioun war, hunn ech mech deemno op Diesel a Bensinn fokusséiert, mat enger Präferenz fir den Diesel, well ech bis elo nëmmen esou ee Won gefuer sinn an och alt mol méi laang Strecken zeréckleeën. Ma op eemol sinn ech bei menger Sich op een Auto gestouss, deen zwar mat Bensinn fiert, mee deen awer präislech esou attraktiv war, datt ech quasi net anescht konnt wéi mech mat ëm ze beschäftegen. Datt en zousätzlech mat Gas ugedriwwe ka ginn, huet mech weider net gestéiert. Et ass méi bëlleg wéi Bensinn an LPG kritt een dach op enger ganzer Rëtsch Tankstellen. Mir ass guer net an de Sënn komm, datt een och nach aner Zorte vu Gas an Autoe fëlle kann.
Wéi ech den Auto bis hat, ass mer opgefall, datt nieft der Tanknol ganz kleng CNG steet. A well CNG nun emol liicht anescht geschriwwe gëtt wéi LPG, hunn ech mech mol am Internet schlau gemaach. Bei CNG handelt et sech ëm Äerdgas. Am Géigesaz zu LPG ass CNG net flësseg, mee kompriméiert a besteet haaptsächlech aus Methan. Vun Autoe mat CNG gi wesentlech manner Schuedstoffer ausgestouss wéi vun deenen, déi mat LPG ugedriwwe ginn. Mëttlerweil ass de CNG zwar ee Krack méi deier wéi den LPG, awer nach ëmmer méi bëlleg wéi Bensinn an Diesel. Alles gutt also? Nee, net ganz, well bei der Recherche am Internet huet sech erausgestallt, datt et zu Lëtzebuerg net ganz vill Tankstelle gëtt, déi CNG verkafen, fir genee ze sinn, gëtt et eng eenzeg op der Lonkecher Strooss an der Stad. An déi mécht am Mäerz hir Dieren zou. Ma de Bléck an d’Vergaangenheet weist, datt et am Grand-Duché zäitweis 6 CNG-Tankstelle gouf. Wat ass also geschitt, datt sech d’Äerdgas net als Alternativ duerchsetze konnt?
Ni méi wéi 400 immatrikuléiert CNG-Gefierer
Op Nofro hin heescht et vum Energieministère, datt virun iwwer 20 Joer de politesche Wëlle fir den CNG als alternative Carburant zu Lëtzebuerg ze positionéieren an ze promovéieren do war. Den Äerdgasfournisseur SOTEG, deen tëschenzäitlech am Grupp Encevo opgaangen ass, hat deemools d’Initiative geholl, fir eng Rei CNG-Tankstellen opzebauen. Dës Initiativ war op fir all interesséiert Tankstellebedreiwer. Allerdéngs wier deemools just ARAL interesséiert gewiescht, sou datt d’CNG-Tankstellen exklusiv op ARAL-Standuerter entstane sinn.

Trotz villen Initiativen a Beméiunge wieren zu Lëtzebuerg ëmmer manner wéi 400 Gefierer, déi mat CNG ugedriwwe ginn, immatrikuléiert gewiescht. De Betrib vun den Tankstelle wier dowéinst zu kenger Zäit fir déi bedeelegt Betriber ekonomesch profitabel gewiescht.
Kritik u Fokus op Elektromobilitéit
Do dernieft wier zanter 2016 politesch den Akzent méi a méi op d’Elektromobilitéit a manner op den CNG geluecht ginn, well ee méi séier CO2-Reduktiounen am Transportberäich erreeche wollt. Déi bis dohinner niddereg Zuel vu CNG-Gefierer gekoppelt un déi nei Ausriichtung mat Bléck op alternativ Zorte vu Mobilitéit, hätt bei de Bedreiwer vun den CNG-Tankstellen zu der Decisioun gefouert, d’Unzuel vun den Tankstelle lues a lues op Null ze fueren, wat zanter 2018 ëmgesat gouf.
Dat confirméiert de Romain Hoffmann, Administrateur délégué vun Aral Luxembourg. Zanter der virleschter Regierung wier voll op Elektromobilitéit gesat ginn, dofir wier et bei CNG net zu engem Succès komm, wat ee bedauere géing. Et hätt een d’Clientë viru fënnef Joer informéiert, datt een nach fënnef Joer laang zwou Statiounen, eng um Findel bis Oktober 2022 an eben déi zu Märel bis Mäerz 2023 bedreiwe géing. Sou sollten d’Clientë genuch Zäit kréien, fir sech ëmzestellen. Op der Tankstell zu Märel wäert een nach bis Enn Mäerz respektiv Ufank Abrëll Äerdgas tanke kënnen, wann déi bëssi eegewëlleg Pompelen da wëllen. Duerno wäert et keng ëffentlech zougänglech CNG-Tankstell méi zu Lëtzebuerg ginn.

Lëtzebuerger Residentë mussen, wann se hiert CNG-Gefier nieft Bensinn och mat Äerdgas fuere wëllen, also vun elo un an d’Ausland fueren. Ma Arel, Baaschtnech oder Tréier sinn dach och schéin an ëmmer eng Rees wäert.
Dee gréisste Client vun CNG-Gefierer zu Lëtzebuerg war dem Romain Hoffmann no iwwregens d’Stad Lëtzebuerg. Op Nofro hin ass et vun der Gemeng d’Informatioun, datt een aktuell nach 59 Äerdgasautoen am Fuerpark huet, déi zesummen all Joer 290.000 Kilometer fueren. Bei all Gefier wier ee Reserve-Tank fir Bensinn integréiert. Well deen awer nu mol méi kleng wéi de Gastank ass, missten d’Gefierer an Zukunft ebe méi dacks getankt ginn. D’Frequenz wier änlech wéi bei engem Elektroauto. An den nächsten 18 Méint géinge 27 Äerdgasautoen ersat, sou datt der Mëtt 2024 nach 32 am Fuerpark verbleiwe wäerten. D’Gefierer géifen ersat, wa se d’Enn vun hirem Liewenszyklus areecht hunn, ee “gudden Deel” géing duerch Elektroautoen ersat. Wa Gefierer um Enn vum Liewenszyklus ukomm sinn, bitt d’Stad Lëtzebuerg se zum Verkaf un a se kënne gesteet ginn. Dat wier och bei den Äerdgasautoen de Fall.
Ob ech bei där nächster Stee derbäi wäert sinn, am Wëssen datt et da keng Äerdgastankstell am Grand-Duché méi gëtt, bezweifelen ech. Mä ech hu mäi jo souwisou grad eréischt kritt ...