Liewenslaangen Dram erfëlltMat 92 Joer endlech den éischte Porsche

Tom Nols
Am Alter vun 92 a 94 Joer hu sech den Derek an d'Audrey Evans vu Bournemouth fir hire 70. Hochzäitsdag enfin hiren Dramauto geleescht.
Et ass ni ze spéit fir den éischte Porsche, huet sech d'Koppel geduecht
Et ass ni ze spéit fir den éischte Porsche, huet sech d’Koppel geduecht
© JOHN LAMPARSKI/NurPhoto via AFP

Déi wéinegst Bestietnisser hale 70 Joer laang. An op d’mannst grad esou seelen ass den Hochzäitskaddo, dee sech den Derek an d’Audrey Evans vu Bournemouth gemaach hunn. Mat 92 a 94 Joer huet sech déi brittesch Koppel e Porsche geleescht. Hiren éischten iwwerhaapt. Porsche hätt ëmmer eenzegaarteg Gefierer gebaut, zouverlässeg a mat näischt anerem ze vergläichen.

An de 1950er Joren hat den Derek op sengem Papp sengem Ford Eight geléiert ze fueren. Den éischte gemeinsamen Auto war en Austin 7. Den Dram vun engem Porsche haten déi Zwee schonn deemools. Si konnten et sech awer joerzéngtelaang net leeschten, sou en deiere Won ze kafen. Mee am Alter, an deem anerer de Fürerschäin fräiwëlleg ofginn, hu si sech gesot: “Firwat net elo?”

D’Audrey sot, si géifen allebéid net rennen, trotzdeem awer d’Gefill vu Kraaft a Confort schätzen. Hir Duechter Louise huet dogéint verroden, dass den Derek awer gären un de Knäppercher spillt, an et a ganz Dorset keen 19-Järege géif ginn, deen hien net scho bei der rouder Luucht ofgehaangen hätt mat sengem neie Gefier. Hiert Geheimnis vum laange Gléck zu zwee? Si wieren ënnerschiddlech, mee hätten änlech Interessien. An natierlech vill Spaass a Laachen.

Dofir dierft an Zukunft gesuergt si mat hirem neie Gefier, un deem si och d’Sécherheet schätzen. An si hu schonn deen nächste Porsche am Viséier. Den Elektro-Sportler Taycan soll et duerno sinn, och wann den Derek sou seng Schwieregkeeten huet, fir aus dem niddrege Won erauszeklammen.

Back to Top
CIM LOGO