City BreakfastVëlos- a Foussgängerweeër solle "sécher, confortabel, direkt, kohärent an attraktiv" ginn

Claudia Kollwelter
Um traditionelle City Breakfast vun der Stad Lëtzebuerg goufen e Mëttwoch de Moien Detailer zum Konzept vun der Mobilité douce presentéiert.
Am Beräich vun der Mobilité douce wier an de leschte Jore vill gemaach ginn, mee et wier nach Sputt no uewen, sou de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt.
© Christophe Hochard (Archivbild)

“Sécher, confortabel, direkt, kohärent an attraktiv”, sou sollen d’Weeër an der Stad fir d’Vëloen an och d’Foussgänger an Zukunft sinn. Dat gouf e Mëtwoch de Moien um traditionelle City Breakfast an der Stad Lëtzebuerg betount, wou d’Konzept vun der Mobilité douce méi detailléiert presentéiert gouf. An de leschte Jore wier vill gemaach ginn, mee et wier nach Sputt no uewen, huet de Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt ënnerstrach. Zu de Mesuren, déi dëst an och nächst Joer sollen ëmgesat ginn, gehéiert zum Beispill eng bidirektional Vëlospist iwwert de ganze Boulevard Roosevelt.

An der Avenue Jean-Pierre Pescatore gi fir eng separat Vëlospist eng Partie Parkplazen ewechgeholl, genee wéi och op der Haaptstrooss um Cents, wou eng bidirektional Pist hikënnt. Vue datt an zwee Joer d’Bréck tëscht dem Cents am Weimeschhaff/Kierchbierg soll fäerdeg sinn, wier et wichteg, datt bis dohin och am Quartier selwer d’Weeër verbessert ginn, huet de Mobilitéitsschäffen erkläert.

Op kritesche Plaze sollen déi nei Weeër dann och rout gekennzeechent ginn. Ob a wéi eng Faarf d’Vëlospiste solle kréien, dorop wollt de Patrick Goldschmidt zu dësem Moment nach net äntweren. Tëscht der Jugendherberg am Pafendall an der Kräizung vun der Rue de Clausen gëtt d’Parksträif iwwerdeems och ewechgeholl, fir datt d’Foussgänger an Zukunft do méi Plaz hunn.

Wann d’Mesurë komplett ëmgesat géife ginn, kéint een op 18% Vëlosverkéier an der Stad kréien. Dat wier optimistesch, huet de Patrick Goldschmidt zouginn, mee et wier awer méiglech, wann een e séchert an intuitiivt Netz hätt. Et wier wichteg, datt d’Leit, déi am urbane Raum wunnen, kënnen op den individuellen Auto verzichten a mam Bus, zu Fouss oder mam Vëlo eng gutt Alternativ hunn.

Back to Top
CIM LOGO