E Méindeg de Moie géint 8.30 Auer koum et op der B257 tëscht Iechternach a Bitburg zu engem schroe Verkéiersaccident. Wéi d’Police vu Wittlich eis op Nofro matgedeelt huet, sinn en Auto an e Camion frontal anenee gerannt, nodeems ee vu béiden op d’Géigespuer geroden ass.
De Chauffer vum Auto mat däitscher Plack ass nach op der Plaz u sengen uerge Blessure gestuerwen. De Chauffer vum Camion mat hollännescher Plack gouf liicht bis schwéier verwonnt a koum an d’Spidol.
Béid Gefierer sinn Totalschued. Beim Camion ass eng gréisser Quantitéit Sprit ausgelaf.
De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf op d’Plaz geruff, fir déi genee Ëmstänn vum Accident ze klären.
D’Streck wäert nach bis an den Nomëtteg komplett gespaart bleiwen.