
Am Laf vum leschte Schouljoer 24/25 goufen 312 Secondairesschüler aus der Schoul geheit. Dat geet op d’mannst aus den Zuelen ervir, déi den zoustännege Minister Claude Meisch a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP liwwert.
Am Schouljoer virdru waren et der mat 321 nach emol liicht méi, 2022/23 mat 251 liicht manner.
D’Grënn firwat et zu engem sougenannte “Renvoi” koum, waren an der Haaptsaach: repetitiv an onentschëllegt Feel-Stonnen, Gewalt-Akten, respektiv schlëmm Beleidegungen.
Zanter 2022 goufe just 77 Recourse géint déi Decisioune vum Conseil de discipline ageluecht. 23 mol gouf de Renvoi effektiv annuléiert, meeschtens well de Renvoi als disproportionéiert ugesi gouf, oder well et u klore Preuvë gefeelt huet.