Neie Fliger aktuell bei 98%Luxair erwaart sech Zouverlässegkeet vun Embraer-Flott vun 99,4 Prozent

RTL Lëtzebuerg
An engem Schreiwes vun e Mëttwoch den Owend betount d'Luxair nach emol d'Virdeeler vun den neien Embraer-Fligeren.
© Steve Müller

D’E2 wier net ënnert anerem “weltwäit am luesten” a géing am mannste Sprit verbrauchen. Den Design an d’Gewiicht vum Fliger géingen deemno dozou bäidroen, “déi plangméisseg Zouverlässegkeet vun der weltwäiter E2-Flott op 99,4 Prozent eropzesetzen”.

Zwar hätt d’E2, déi d’Luxair zanter Kuerzem huet, ufanks e puer “betriblech Erausfuerderungen” gehat an hätt aktuell eng Zouverlässegkeet vu just 98 Prozent. Ma d’Luxair erwaart sech, “datt si am Laf vum Betrib déi global Zouverlässegkeet vun der Flott vun 99,4 Prozent erreeche wäert”.

D’Lëtzebuerger Fluchgesellschaft betount iwwerdeem och nach emol, datt de Fliger, déi “rouegst Kabinnen um Marché” a keng Mëttelsëtzer.

D’Schreiwes vun der Luxair:


Weider Artikelen zum Theema:

Back to Top
CIM LOGO