Leitplank evitéiert KopplabunzE Camion ass um Rouscht an de Summerwee geroden a gouf just nach vu Leitplank gehalen

Andy Brücker
E Méindeg de Moien huet e Camionschauffer de Summerwee ze pake kritt an ass eragerutscht.

De Camion, dee schwéier belueden ass, huet e Méindeg de Moie kuerz virun 12 Auer op der N7, op der Héicht vum Rouscht, rietser Hand de Summerwee geroden, direkt laanscht d’Leitplank. De Camion ass wuel duerch d’Gewiicht méi déif do an de Buedem agesackt a schliisslech no riets gekippt. De Camionschauffer hat nawell Chance, well d’Leitplank dofir gesuergt huet, dass de Camion net ganz op d’Säit gefall ass, respektiv sech souguer den Hiwwel erof iwwerschloen huet.

Fir de Camion erauszekréien, huet d’Strooss musse fir den Trafic gespaart ginn. Um 13.39 Auer koum d’Entwarnung vun der Police, dass d’Strooss net op wier.

Um Rouscht ass e Camion an de Summerwee geroden
D’Strooss huet musse komplett gespaart ginn, fir de Camion erauszezéien.

Back to Top
CIM LOGO