
Dem Magasinn “Kfz-Betrieb” no rifft den däitschen Autoskonstrukteur weltwäit bis zu 575.000 Gefierer zréck, bei deenen den Demarreur ersat muss ginn. Et géing am schlëmmste Fall Brandgefor bestoen, sou BMW no enger Rei Kontrollen a Reklamatioune vu Clienten. E geneeë Chiffer wollt de Constructeur net nennen an huet just vun enger “sechsstelleger” Zuel geschwat. Laut “Kfz-Betrieb” géing et sech ëm bis zu 575.000 betraffen Autoen handelen.
Betraff si 16 verschidde Modeller, déi tëscht dem Juli 2020 an dem Juli 2022 produzéiert gi sinn, an och Autoen, déi an Tëschenzäit bei Reparaturen ee vun de concernéierten Demarreuren agebaut kritt hunn. En Deel dovu ka bei ze villem Uloosse vum Motor zu engem Kuerze féieren, wat eng lokal Iwwerhëtzung an dann e Feier no sech zéie kann. Bei verschiddene vun de betraffene Gefierer muss nieft dem Demarreur och d’Batterie ersat ginn.
Enn 2024 hat BMW ronn 1,5 Milliounen Autoe missen zréckruffe wéinst Problemer un de Bremsen.
Laut BMW-Belux sinn hei am Land e puer honnert Autoe vun där Mesure betraff. D’Clientë wiere schonn all ugeschriwwe ginn an de Réckruff wier zanter Dezember amgaangen. Et wier nach néierens op der Welt effektiv zu engem Brand komm an et géing sech ëm eng reng Sécherheetsmesure handelen.
Wéi eng BMW-Modeller zréckgeruff ginn: