
Am Luerenzweiler Gemengerot ass d’Stëmmung nawell zimmlech ugespaant. Dat läit virop un zwee Dossieren, dobäi geet et eng Kéier ëm Problemer mam Compte de gestion an eng aner Kéier ëm eng Zousazassurance, déi de viregte Schäfferot fir d’Gemengepersonal an och fir sech selwer ofgeschloss hat. A béide Fäll huet sech elo den Inneminister zu Wuert gemellt.
Ugefaange mat den Ongereimtheete beim Compte de gestion. Mëtt d’lescht Joer hat de Gemengerot unanime decidéiert, deen net unzehuelen. Dat ass een zimmlech aussergewéinleche Virgank, normalerweis gëtt dee Compte éischter unanime ugeholl. Ma et hat awer eng Signalisatioun aus dem Inneministère ginn, dozou de Léon Gloden: “Meng Leit hunn do eng Rei Irregularitéite festgestallt beim Kontroll, dat ass matgedeelt ginn an do war lo Enn Januar eng Reunioun tëscht menge Mataarbechter an dem Schäfferot vun där Gemeng. Do ass festgehale ginn, datt de Schäfferot eis lo mol eng Rei Dokumenter schéckt, wou si mengen, et wieren Irregularitéiten an da muss gepréift ginn, ob et materiell Irregularitéite sinn oder ob méi dohannert stécht.”
Den deemools zoustännege Receveur schafft mëttlerweil net méi zu Luerenzweiler op der Gemeng, mee bei engem Naturschutzsyndikat. Et steet de Reproche am Raum, datt hien net ëmmer am Bléck gehat hätt, wie scho bezuelt hat a wien net. Dowéinst sollen deelweis Rappeller u Leit rausgaange sinn, déi dann nach eng zweete Kéier bezuelt hunn. Mat deene Sue gouf dann ausgeglach, wann aner Leit net bezuelt haten. Dem Mann gëtt awer net reprochéiert, sech selwer beräichert ze hunn.
Op Nofro hi wollt sech weder d’Buergermeeschtesch vun “Är Leit”, d’Marguy Kirsch-Hirtt, nach Vertrieder vun den Oppositiounsparteien CSV, Déi Gréng an DP grouss zum Dossier äusseren, well en aktuell eben am Inneministère gekuckt gëtt. Stellt sech d’Fro, firwat déi eventuell Irregularitéiten net schonn éischter opgefall sinn? “Am Inneministère maache mir punktuell Kontrollen op de Konten, déi mir erakréien. All Joers gi sech aner Sujeten erausgesicht, dat ass elo opgefall, do war jo och déi Saach mat der Medicis-Assurance vum Schäfferot. Laut mengen Informatioune gëtt déi net virugefouert an et ass dann natierlech kloer, wann een eppes gemaach huet, wat een net soll, da muss een dat och zeréckbezuelen.”
Bei Medicis handelt et sech ëm Zousazassurancë vu Foyer. Dës hat dee viregte Schäfferot, dee wéi deen haitege just aus Vertrieder vun “Är Leit” bestanen huet, dorënner déi haiteg Buergermeeschtesch, schonn 2018 fir d’Gemengepersonal an de Schäfferot ofgeschloss. Der Oppositioun no gouf awer ni am Gemengerot doriwwer ofgestëmmt. Bei der Kontroll vum Budget 2023 ass dat am Inneministère opgefall an d’Gemeng krut matgedeelt, datt se an der Illegalitéit wier.
D’Lëtzebuerger Wort hat deemools fir d’éischt doriwwer bericht. An der Zeitung hat de Premier Conseiller de gouvernement Laurent Knauf schonn am Oktober gesot, wann de Schäfferot d’Suen zeréckbezilt, wier d’Saach an der Rei. Dat ass awer bis haut net geschitt. D’Buergermeeschtesch seet, dat hätt zwar an der Presse gestanen, mee d’Gemeng hätt déi Äntwert vum Inneministère awer nach net kritt. Dozou de Léon Gloden: “Also wa se dat net sou formell matgedeelt kritt hunn, da kréie se dat matgedeelt, mee wa se matgedeelt kréien, et ass eppes, wat net legal ass, dann ass d’Konsequenz, datt een et muss zeréckbezuelen. Dat ass awer le bon sens.” Bleift ofzewaarden, wéini de Schäfferot déi Suen da lo zeréckbezilt, datt een dozou prinzipiell bereet wier, huet d’Buergermeeschtesch RTL vis-à-vis op alle Fall nach eng Kéier ënnerstrach.
Wärend d’Affär ronderëm d’Zousazassurance wuel am nächste Gemengerot nach eng Kéier thematiséiert dierft ginn, wäert dat fir den Dossier vum Receveur wuel net de Fall sinn. Wéini de Gemengerot genee fir déi nächste Kéier zesummekënnt, ass nach net gewosst, et dierft awer an der zweeter Hallschent Mäerz de Fall sinn.