
Trotz technologeschem Fortschrëtt bei den Autoen, denkt d’Regierung den Ament net driwwer no, fir d’Echeancë vum Contrôle technique eropzesetzen. Fir den Ament muss all Auto, dee 6 Joer al ass, all Joer an déi technesch Kontroll. An dat onofhängeg vun der Motorisatioun.
An enger Äntwert vun der Transportministesch un d’Piraten argumentéiert d’Yuriko Backes, den technesche Fortschrëtt an der Autosindustrie, och bei den Elektroautoe, géif net dozou féieren, datt Gefierer generell manner Verschläiss hätten. Bei de Pneuen oder de Bremsen zum Beispill. An och wann Elektroautoen deels manner Maintenance brauchen, géife grad do eenzel Deeler wéi Héichvoltbatterien a Sécherheetssystemer duerchaus ofnotzen. Déi technesch Kontroll wier duerfir geduecht, “d’Verkéierssécherheet ze garantéieren an d’Ëmwelt ze schützen” a misst also bäibehale ginn. Bei Verbrennerautoe grad wéi fir Elektrogefierer, sou d’Yuriko Backes.
D’Ministesch mécht an hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro dann awer eng ganz kleng Ouverture. Et géif een d’Entwécklungen am Secteur weider suivéieren, heescht et, an dann am “Kader vun den europäesche Virgaben, déi momentan iwwerschafft ginn”, iwwerpréiwen, ob déi national Reglementatioun iwwerschafft kéint ginn. Sollt dat sech aus Sécherheets- oder anere Grënn als sënnvoll erweisen.