"Schlumpf-Musée"Op Visitt am wuel gréissten Automobilmusée vun der Welt

Jeannot Boesen
De Jeannot Boesen mat engem Iwwerbléck iwwert d'Geschicht vun der „Cité de l’Automobile-Musée National-Collection Schlumpf“, grad wéi mat flotte Fotoen.

De Schlumpf-Musée, oder wéi en offiziell heescht „Cité de l’Automobile-Musée National-Collection Schlumpf“, ass dee wuel gréissten Automobilmusée deen et gëtt. D’Geschicht vun der Gebuert vun desem Musée ass weder schnouerriicht, nach ass si einfach ze verstoen. Fir déi Lieser déi se net kennen, hei e Resumé vum Jeannot Boesen.

Geschicht

Di zwee Bridder Hans a Fritz Schlumpf hunn 1935 Aktioune vun der Kammgarnspënnerei zu Malmersbach am Elsass kaf an hunn d’SAIL (Société Anonyme pro l’Industrie Lainière) gegrënnt. 1940 hu si nieft zwou anere Spënnereien zu Ersten an zu Roubaix, och nach déi bis dohi bekanntste Fabrick HKD (Heilmann, Koechlin & Desaulles) zu Mulhouse opkaf. No dem zweete Weltkrich huet d’Textilundustrie geboomt an di zwee Bridder hu mächteg Geld verdéngt. De Fritz Schlumpf wor nach ëmmer e passionéierten Autosgéck an huet a senger Fräizäit u sou muncher Biergcourse an de Vogesen an am Elsass mat sengem Bugatti Typ 35B deelgeholl.

© Jeannot Boesen

Ugangs de 1960er Joren huet hien ugefaangen heemlech klassesch Autoen opzekafen an déi ze restauréieren. Bannen 12 Joer hat hien iwwer 500 Autoe kaf, dorënner absolut Raritéiten, genau esou wéi eng Onmasse Bugattië vun all Typ. A knapp 10 Joer huet hien iwwer 12 Milliounen Francs ausginn, fir Autoen opzespieren, ze kafen an ze restauréieren. Hie war net zefridden, bis dass hien all Modell vu Bugatti, dee jee gebaut gouf, do stoen hat. Virun dem Public gouf d’Sammlung awer verbuergen, nëmmen auserwielte Gäscht hunn duerfen an déi riseg Halen eragoen. Ugangs de 1970er Joren ass et dunn engem Journalist gelongen e puer Fotoen ze maachen an déi an enger Zeitung ze presentéieren. Domat war du gewosst, wat hanner de Mauere vun der aler HKD Fabrick fabrizéiert gouf.

Leider ass zu därer Zäit d’Textilindustrie an eng grouss Krise gerutscht an di zwee Bridder konnten hir Aarbechter wärend e puer Méint net méi bezuelen. Déi haten es genuch an hunn d’Fabrick gestiermt, fir se ze besetzen. A wou si de Portail zu der grousser Hal, déi ëmmer zougespaart war, opgebrach hunn, goufen all di Autoen entdeckt. De Fritz an den Hans hunn ëm hiert Liewe gefaart, a si an d’Schwäiz geflücht. Doropshin hunn d’Aarbechter mat der zoustänneger Gewerkschaft d’Hale fir de Public opgemaach an hu sech esou e klenge Loun organiséiert. Am Joer 1978 gouf de Veräin „Association Propriétaire du Musée National de l’Automobil de Mulhouse“ gegrënnt, deen di eenzegaarteg Sammlung sollt verwalten, an dat nach bis haut mécht. An den 1980er Jore gouf di ganz Sammlung op knapp 44 Milliounen Francs geschat an dat Geld sollt de Bridder Schlumpf ausbezuelt ginn. Déi waren natierlech net zefridde mat dëser Zomm an no engem 20jähregen Geriichtsverfaren (di zwee Bridder waren zu dem Zäitpunkt scho verstuerwen) goufen der Famill Schlumpf 65 Milliounen Francs ausbezuelt.

© Jeannot Boesen

433 Autoen op 17.000 Quadratmeter

Knapp 5 Minutte vun der Gare vu Mulhouse ewech steet dat Gebai wou fréier Textilien verschafft goufen. Op enger Fläch vun 17.000 Quadratmeter stinn 433 Oldtimer, Prachtstécker aus der Geschicht vum Automobil, dorënner di schéinsten a bekanntsten Autoen, déi d’Welt jee gesinn huet. Europäesch a virun allem franséisch Autoe vun den Ufäng bis eran an de Present sinn do ze bestaunen. An dem onendlech laange Gang Richtung Hal steet eng grouss Vitrinn, gefëllt mat knapp 500 Kühlerfiguren. Et ass noweislech di gréisste Sammlung vu Kühlerfigure weltwäit.

Eemol an der Hal ukomm, bleift engem de Mond opstoen an et genéisst een deen Ubléck. Dekoréiert mat 845 Stroosseluuchten, Kopien vun deenen, déi zu Paräis um Pont Alexandre stinn, presentéiert déi grouss Hal Autoen geuerdent no hirer Zäitperiod. Am éischte Quartier stinn di sougenannte „Stammväter“, Autoe vu Panhard & Levassor, Peugeot, De Dion Bouton a Benz aus dem Zäitraum vun 1892 bis 1918. Panhard & Levassor war deemools de gréissten Automobilhirsteller.

Am zweete Feld mat de „Klassiker“ presentéiere sech Autoe vun 1918 bis 1938. Eng Epoch déi gepräägt gouf vun der Fusioun tëscht Mercedes a Benz. Mat dëser Fusioun fänkt d’Ära vun de „Superautoen“ un, déi gigantesch a leeschtungsstaark sinn. Am Joer 1934 gouf bei Citroën d’Traction Avant a Serie gebaut, déi jo haut och nach bei villen Hiersteller ugewannt gëtt. Zu Sochaux gouf ee vun de gréisste Wierker an der Automobilgeschicht opgemaach: Peugeot.

© Jeannot Boesen

Den drëtte Beräich weist di „Modern Autoen“ aus der Zäit no 1945. An dëser Phase goufen Autoe gebaut, déi d’Mëttelschicht vun der Bevëlkerung sech och konnt leeschten. D’Hiersteller hunn ëmmer méi op di grouss Limousinne verzicht an hu sech méi op kleng Autoe mat nidderegem Verbrauch konzentréiert. An enger Niewenhal ginn et och sportlech Autoen ze bewonneren. Hei steet zum Beispill e Panhard & Levassor Zweesëtzer vun 1908, e Mercedes W 125 vun 1937, e Maserati 250F vun 1957 oder e Lotus 33 mat deem den Jim Clark 1963 F1 Weltmeeschter gouf. Et ass den eenzege Musée op der ganzer Welt, wou net manner wéi 12 Autoe vum franséischen Tuner Gordini beienee stinn. Zu béide Säiten vum Mëttelgang, wéi an enger Startopstellung opgereit, stinn d’Bugatti-Modeller vum Typ 32, 35A, 35B, 35C,37, 45 an 51 Säit u Säit.

© Jeannot Boesen

Eng besonnesch Plaz am Musée kréien d’Chefs d’oeuvre, dat sinn d’Meeschterwierker vum Automobil. Hei fanne mer zum Beispill eng hallef Dose Rolls Royce Silver Ghost a Phantom I bis III aus den 1920er Joren, en Delahaye Coach Typ 135M vun 1949, zwee Modell 8A vun Isotta-Fraschini aus Mailand, zwee Voisin Typ C14 an C28 vun 1930, e puer Maybach Modell SW38 vu 1936, en Hispano-Suiza Typ J12 vun 1932 oder eng Hand voll Bentley MK4 bis MK6 vun 1937 bis 1948.

Am Zentrum vun der Hal blénken déi zwee wäertvollst Autoe vum ganze Musée: De Bugatti Royale Typ 41 Limousine an den Typ 41 Coupé Napoléon vun 1930. De leschtgenannten Auto war bis zu sengem Dout am Besëtz vum Ettore Bugatti. Un der Chassis-Nummer kann een erkennen, dass dëst de Prototyp vun dëser 1926 opgeluechte Serie ass, wouvun der nëmme 6 gebaut goufen.

© Jeannot Boesen

E Besuch an dësem Musée ass e Must fir all Mënsch, dee sech nëmmen e bësse fir d’Autoen interesséiert. Et kritt een net nëmmen déi schéinsten, deiersten an aussergewéinlechsten Modeller vun der Automobilgeschicht ze gesinn, mee et entdeckt een och eng ganz Partie Wëssenswäertes iwwer d’Entwécklung vum Fortbeweegungsmëttel Nummer 1.

Ausserdeem fënnt een hei Autosmarquen, vun deenen ech perséinlech net wosst, dass et se gëtt. Hei e puer Beispiller: Cisitalia vun 1948; Corre-Licorne vun 1906; Dufaux Course vun 1904; Farman vun 1923; Fouillaron vun 1906; Gladiator vun 1907; Le Gui vun 1907; Ravel vun 1927; Senechal vun 1925; Turicum vun 1910; MAF vun 1914 oder en O.M. vun 1930 fir der e puer ze ernimmen.

Et gëtt een och gewuer, dass den August Horch no senger Zesummenaarbecht mat der Firma Benz am Joer 1900 seng eege Firma gegrënnt huet. Dee selwechte Mann huet am Joer 1909 d’Firma Audi gegrënnt, wat de latäinesche Numm ass fir Horch. Et stoung och ze liesen, dass um Ufank d’Autoe rechts gesteiert waren, well se doduerch e besseren Iwwerbléck haten, wéi no se um Rand vun der Strooss gefuer sinn. Duerno gouf d’Steierrad op di lénks Säit verluecht, vir dass di méi schnell Autoe besser Siicht haten, fir ze iwwerhuelen. Oder daß d’Firma Rolls Royce um Ufank dem Käfer di fräi Entscheedung iwwerlooss huet welch Kühlerfigur hien op de Grill wëll. Wou di Verantwortlech vun „RR“ du matkruten, wat fir ee Kitsch d’Leit sech ausgeduecht hunn, a si gemengt hunn dat wär hirer Marque net würdeg, do hu si entscheet, dass d’Flying Lady oder d’Spirit of Ecstasy misst de Küler zieren. Muncheree freet sech, wéi d’Bezeechnunge vun den Autoen entstane sinn. Ma bei Peugeot zum Beispill ass déi 3-stelleg Zuel am Joer 1929 erauskomm, déi bis haut nach Traditioun huet. An zwar mat der „0“ an der Mëtt. Fréier war an der Ziffer Null dat Lach, wou een d’Kierb durchgefouert huet, fir den Auto ze demarréieren.

© Jeannot Boesen

Sou, elo genuch mat de Wäisheeten. Ze vermierken ass, dass de Musée National-Collection Schlumpf absolut sehenswäert ass. Mam Auto ass ee vu Lëtzebuerg aus a gutt dräi Stonnen do. Wann ee méi bequem wëll reesen, da kann een awer och den TGV huelen, et sief dann d’Fransouse streiken dee Moment net.

Vill Spaass mat de Fotoen.

Jeannot Boesen

Back to Top
CIM LOGO