Niddregste Stand zanter Enn FebruarPëtrolspräis nees ënnert Niveau vu virum Iran-Krich

RTL Lëtzebuerg
Mat der Reouverture vun der Strooss vun Hormus falen och nees d'Pëtrolspräisser.
© Domingos Oliveira

De Pëtrolspräis ass eng éischte Kéier nees ënnert den Niveau vu virum Iran-Krich gefall. Ee Barrel Brent huet bei 72,44 Dollar zougemaach. De 27. Februar, um Virowend vum Ufank vum Iran-Krich, louch de Cours e puer Cent driwwer.

D'Pëtrolspräisser fale schonn zanter Deeg. De Grond ass, datt ëmmer méi Schëffer nees duerch d'Strooss vun Hormus kënne fueren.

De Präis vum Brent war déi lescht Wochen a Méint bis op 119 Dollar geklommen.

Back to Top
CIM LOGO