Gesamtkäschte vun iwwer 160 Milliounen EuroPôle d'échange Houwald gëtt 32,5 Milliounen Euro méi deier wéi geplangt

RTL Lëtzebuerg
Beim Projet vum Pôle d'échange Houwald huet misse méi Buedem ewechgeholl gi wéi ufanks geduecht. Deementspriechend klammen och d'Käschten.
De Chantier vum Pôle d'échange Houwald am August 2024.
De Chantier vum Pôle d’échange Houwald am August 2024.
© Jeannot Ries / RTL

De Pôle d‘échange Houwald gëtt 32,5 Milliounen Euro méi deier wéi virgesinn. Domat klammen d‘Käschten alles an allem op méi wéi 160 Milliounen Euro. An der Chamber ass en Dënschdeg de Mëtteg déi entspriechend Rallonge eestëmmeg gestëmmt ginn. Virop duerch de Bauschutt wier de Projet méi deier ginn. Dat well wesentlech méi Buedem huet mussen ewechgeholl ginn, wéi uganks gemengt. Derbäi kënnt, datt Schuedstoffer an deem Buedem fonnt goufen, esou datt dësen huet misse speziell entsuergt ginn. Alles an allem goufe 70.000 Tonne Buedem fortgefouert.

D’Finanzéierungsgesetz fir de Contournement Hesper wäert an den nächste Méint finaliséiert an dann deposéiert ginn, huet iwwerdeems d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an deem Kader nach eng Kéier betount.


Al Artikelen zum Sujet:

Back to Top
CIM LOGO