5,3 Millioune Passagéier goufen zejoert via de Lëtzebuerger Fluchhafen transportéiert an dëst Joer wäert dee Rekord nees gebrach ginn. De Wuesstem um Findel schéngt net ze bremsen. Net just d’Aerogare soll bannent den nächste sechs Joer moderniséiert ginn.
lux-Airport plangt Investissementer an der Héicht vu ronn enger Milliard Euro. Kaum ee Beräich wäert esou bleiwen, wéi mer en haut kennen. Ugefaange mam Ausbau vun der Aerogare, déi haut schonn an de Spëtzenzäiten un hir Capacitéitsgrenze stéisst. Bannena gëtt de Raum nei organiséiert, optimiséiert a moderniséiert. Parkpositioune fir d’Fligeren an Taxiways gi renovéiert. Nieft dem Cargozenter, deen iwwregens och ausgebaut an automatiséiert gëtt, entsteet dat neit Tanklager. Geplangt sinn nei Gebaier fir Catering an Atelier. Do, wou 1946 alles ugefaangen huet, soll wa méiglech bis 2029 en neien Terminal fir VIP- a Privat-Aviatioun aus dem Buedem schéissen. Investissementer fir och an Zukunft an de Beräicher Passagéier a Fracht, eng zentral Roll an der Groussregioun ze spillen.
“Eis Stäerkt läit net an der Mass, mee an der intelligenter Spezialiséierung. An enger ëmmer méi vernetzter europäescher Loftfaart geet et net drëm, alles selwer ze maachen, mee sech bewosst als Deel vun engem funktionéierende Gesamtsystem ze positionéieren. Fir Lëtzebuerg bedeit dat, mir sollten net probéieren déi Grouss ze imitéieren. Mir sollten eis Positioun bewosst definéieren. Amplaz eis an enger gréisste Konkurrenz ze verléieren, sollte mer eis dorop konzentréieren dat auszebauen, wat de Findel schonn haut staark mécht. Seng Connectivitéit, seng Cargokompetenz a seng Flexibilitéit.”
Sou de Meris Sehovic vun déi Gréng a senger Interpellatioun. Opgeworf huet den Deputéierten och d’Fro, wat no 2032 geschitt? Gëtt weider an den aktuelle Fluchhafen investéiert? Oder, wéi déi zoustänneg Ministesch et uklénge gelooss huet, gëtt en neie Standuert an d’Ae gefaasst?
D’Ministesch fir Mobilitéit, Yuriko Backes, huet kloer Positioun geholl: “2060 stousse mir um Findel definitiv un eis Capacitéitsgrenzen. Wa mer wëllen doriwwer eraus wuessen, jo, da brauche mer en neie Fluchhafen. Ech mengen déi Diskussioun, déi soll ee féieren. Déi muss ee kënne ganz éierlech féieren. Ech fannen, dat ass och d’Verantwortung vun engem Politiker oder enger Politikerin, fir déi Froen ze soulevéieren. Ech muss Iech awer dann och direkt soen, dass meng Prioritéit ganz, ganz kloer ass fir déi Investissementer. Ech hunn Iech dann elo e ganze Koup mentionéiert, dass mer déi kuerz a mëttelfristeg ëmsetzen.”
D’Ministesch wëll am Abrëll en detailléierte Masterplang virstellen. Nogeduecht géif zum Beispill och en neie Standuert fir d’Privatfliegerei ze fannen. Wat vu vir eran net einfach géif. Generell goufen an der Debatte, d’Investissementer an den aktuelle Flughafe begréisst. Ënnerstrach gouf dat strategescht Gewiicht vum Fluchhafen. Och mat Bléck op d’NATO. Mat oft dem Message, en Equiliber tëscht Wirtschaft an Nohaltegkeet ze respektéieren.
Liest dozou och nach: