Direktioun vum Lycée Robert Schuman riicht sech un d'ElterenVandalismus vun de Schoultoilette wier kee Kavaléiersdelikt

RTL Lëtzebuerg
Wien d'Schoultoilette vandaléiert, kéint esouguer riskéieren, d'Schoul mussen ze verloossen.
© RTL

An der Lescht suergt Phänomen, deen engem ze denke gëtt, a verschiddene Lycéeën am Land fir Problemer.

Schüler vandaliséieren d’Schoul-Toiletten, posten d’Resultat dann op de soziale Medien a fuerderen dann hir Kolleegen an anere Gebaier op, sech mat hinnen doran ze moossen, wien am meeschte Knascht mécht.

Vun Exkrementer nieft den Toiletten, futtissen oder beschmieren Dieren, bis hin zu Toilettëpabeier deen agefierft, a géint d’Mauer oder un de Plaffong gehäit gëtt.

An engem Schreiwes vun der Direktesch aus dem Lycée Robert Schuman un d’Elteren, dat eis virläit, gëtt drun erënnert, dass esou Akte kee Kavaléiersdelikt wieren, mä dass déi Schëlleg, souwäit se dann iwwerhaapt kënnen identifizéiert ginn, eng Convocatioun am Conseil de discipline riskéieren oder carrement d’Schoul mussen verloossen. D’Eltere sollten hir Kanner dodrun erënneren, an et géif een als Lycée och selwer d’Schüler drop uschwätzen. Et erhofft ee sech och Zeien-Aussoen bannent der Schoul, fir déi eventuell Täter ze identifizéieren.

Back to Top
CIM LOGO