Tempo 70 an Tunnelle Grouft a Stafelter"Austauschstécker mussen hiergestallt ginn" - Ministesch äntwert op parlamentaresch Froen

Joel Detaille
Andy Brücker
Nach net gewosst, ass, wéi laang d'Restriktiounen an den Tunnellen unhalen.
© RTL

En Datum ka leider nach net genannt ginn, well een op de Fournisseur ugewisen ass an d’Austauschstécker mussen hiergestallt ginn. Dat äntwert d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op parlamentaresch Froe vun der CSV, der LSAP an der ADR, wéini d’Limitatioun op eng Spuer an den zwee Tunnelle Grouft a Stafelter op der A7 eriwwer ass.

Do gëtt et jo Problemer mat de Ventilatoren, dofir gëllt och aus Sécherheetsgrënn Tempo 70. D’Streckeradare goufen dann och deementspriechend un déi nei Vitesslimitatioun ugepasst.

Eng Commande fir Ersatzstécker wier awer gemaach, an d’Ponts et chaussées stéingen och a permanentem Austausch mat de Fournisseuren. Där ginn et der 4 verschiddener.

“Beim Hiersteller handelt et sech ëm en englescht-schweedescht Konglomerat, dat viru kuerzem an e südkoreaneschen Grupp integréiert ginn ass. D’Maintenance gëtt vun der Ponts et chaussées separat ausgeschriwwen, natierlech muss beim Remplacement op original Stécker zeréckgegraff ginn.”

Am Laf vum Joer 2025 gouf et op der A7 tëscht Schieren an der Jonctioun Gréngewald iwwregens ronn 55 Spärunge fir geplangte Maintenanceaarbechten an den Tunnellen.

Op d’Fro, et keng aner Méiglechkeete ginn, ewéi eng Spuer ze spären an d’Vitess op 70 km/h ze limitéieren, fir de Risiko vu Stau ze miniméieren, war et d’Äntwert, dass d’Sécherheet déi allerhéchste Prioritéit hätt. An déi Mesuren, déi elo geholl goufen, wieren ebe genee dofir do. Et géif drëm goen, am Fall “vun engem Accident mat engem Brand, dass all d’Systemer esou funktionéieren, dass sech Persounen, déi sech zu deem Moment am Tunnel befannen, a Sécherheet kënne bréngen.

PDF: Äntwerten op Froe vu Ben Polidori an Yves Cruchten

PDF: Äntwerten op Froe vum Michel Lemaire

PDF: Äntwerten op Froe vum Charles Weiler a Jeff Boonen

Back to Top
CIM LOGO