
Et geet drëms, datt d’A3 weider ausgebaut gëtt, an dofir musse Ponts & Chaussées e puer Saache maachen: nei Signalisatiounspanneauen opriichten, um Echangeur Léiweng schaffen an nach aner Entretiensaarbechten erleedegen. Fir dat alles ze realiséieren, gëtt d’A3 tëscht dem Gaasperecher Kräiz an dem Beetebuerger Kräiz de Weekend vum 20. bis den 23. Mäerz gespaart.

Fir d’Leit net an der Aarbechtswoch ze stéieren, geschitt dat alles iwwer de Weekend. Verschidde Bretellen an Op- an Offaarte si betraff, an de Verkéier gëtt iwwer aner Autobunnen an Nationalstroossen ëmgeleet. Och d’Aire de Berchem ass fir déi Zäit net zougänglech.
Et dierft dee Weekend zu Stau duerch déi Deviatioune kommen.