Op der Nationale 15 hunn d’Preparatiounen ugefaangen, fir e Streckeradar ze installéieren. Ponts et Chaussées ass mat den infrastrukturellen Aarbechten amgaangen. Dat huet de Mobilitéitsministere RTL op Nofro confirméiert. De Radar tronçon wäert tëschent Nidderfeelen an der Fuussekaul installéiert ginn.
Nom engem Accident mat fënnef Doudesaffer hat de Ministère zejoert annoncéiert, datt gepréift géing ginn, ob op där Plaz esou Apparater kéinten installéiert ginn. Elo ass also confirméiert, datt d’Vitess an Zukunft op der genannter Streck elektronesch wäert gemooss ginn. Prinzipiell wier si kee Frënd vun enger Proliferatioun vu Radaren am ganze Land, mä an deem heite Fall géing si dat awer positiv gesinn, sot d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes deemools op RTL.