Streckeradar op der N15Testphas leeft geschwënn un

Pit Everling
Déi fuschnei Radare si scho vu Wäitem ze gesinn. Fouss vum Gas, heescht et deemnächst op der Nationale 15.
Streckeradar op der N15
D’Testphas leeft geschwënn un

Tëschent Nidderfeelen an der Fuussekaul gouf de Streckeradar installéiert a geschwë leeft d‘Testphas un. Dëst ass d‘Reaktioun op schro Accidenter, déi et an de leschte Joren op der genannter Streck gouf. De Pit Everling war op d‘Plaz kucken.

Virun allem gëtt hei déi politesch Konsequenz gezunn no engem Accident am Hierscht mat 5 Doudesaffer. Absolut Prioritéit hätt d‘Sécherheet. “Hei ass eng Plaz, déi riicht ass, wou d’Vitess effektiv dozou féiert, jo, d’Leit d’Vitess net respektéieren, dass et dann zu Accidenter kënnt, dofir mécht et hei Sënn, fir e Radar ze hunn, deen d’Vitess kontrolléiert”. D‘Transport- a Bauteministesch Yuriko Backes hat direkt nom Accident déi zoustänneg Gremie beoptraagt fir ze préiwen, ob e Streckeradar machbar wier. D‘Experte vum Ministère, de Ponts et Chaussées an der Police hunn no relativ kuerzer Zäit de Feu vert gi gehat.

© Pierre Jans

Um ganzen Tronçon ze kontrolléiere wier méi sënnvoll wéi e fixe Blëtz-Apparat op just enger Plaz. “Et ass eng laang Streck, et ass eng Kéier, et kënnt een iwwert eng Kopp, hei sinn e puer geféierlech Plazen a wann een d’Moyenne eeben iwwert esou e Streckeradar kann testen, ech mengen, dat dréit dann och dozou bäi, dass d’Leit hei méi lues fueren.”

Am Géigesaz zu allen anere Streckeradaren am Land gëtt et op der N15 just op enger Plaz eng Méiglechkeet fir d’iwwerhuele mat enger zweeter Spuer, dat op enger Streck, op där vill Camionen an och landwirtschaftlech Gefierer, spréch lues Vehikele fueren. Dat wier kee Problem, sou d‘Ministesch.

“Also, ech mengen, et sinn net Radaren, déi elo zu Accidenter wäerte féieren. Ech mengen, et ass wierklech de Contraire. Hei geet et drëms, dass mer méi Sécherheet op eis Stroosse kréien. All déi Facteuren, déi sinn natierlech an d’Analys mat agefloss”.

Iwwert eng Streck vu ronn 3 Kilometer gëtt d‘Moyenne vun der Vitesse gemooss, tëscht der Fuussekaul a Nidderfeelen, an déi zwou Richtungen. Do gëllt Tempo 90. Nach gëtt et op der N15 net deier, elo geet mol d‘Testphas un. “Ech kann Iech elo kee genauen Datum soen, d’Ponts et Chaussées wäerten dat dann och annoncéieren, mee dat misst elo Enn Mäerz Ufank Abrëll sinn”.

Op alle Fall dierft de Streckeradar nach dëst Joer definitiv a Betrib geholl ginn. D‘Yuriko Backes rappeléiert iwwerdeems, datt si net wëlles hätt, elo d‘ganzt Land voll Radaren ze stellen. “Op deene Plazen, wou et Sënn mécht, dass do och Radaren hikommen. Mee ech mengen, dat wäerte wierklech punktuell Analyse sinn. Ech hunn elo kee Programm, wou iwwert déi nächst zwee dräi Joer nach zwanzeg Radare wäerten opgestallt ginn”.

Nach vun der leschter Regierung war decidéiert ginn, datt e Blëtz-Apparat bei de roude Luuchten op der Polvermillen installéiert soll ginn an dat ass och weiderhin esou geplangt.

Eng aner geféierlech Streck am Norden ass d‘Nationale 7. Um éischte Stéck hannert dem Fridhaff géing et geschwë lass goe mat der “Sekurisatioun” vun der sougenannter Dräibunn. D‘N7 wäert iwwregens net op véier Spueren ausgebaut ginn, sou nach d‘Ministesch Yuriko Backes.

Back to Top
CIM LOGO