
Automobilisten, déi iwwert d’N7 a Richtung Norde wëllen, musse vun e Méindeg un nach méi Gedold matbrénge wéi souwisou schonn. Vum 23. Mäerz u bis Mëtt 2028 wäert nämlech d’Iwwerhuelspuer tëscht Housen an dem Duerschterhaischen gespaart ginn an d’Vitess gëtt op 70 Kilometer limitéiert. An deenen nächsten zwee Joer ginn op deem Tronçon nämlech e puer Brécke gebaut, dat am Kader vum Housener Contournement. Schonn ouni Chantier stinn d’Autoen zu Housen wärend dem Beruffstrafic dacks laang am Stau, déi Situatioun dierft sech elo nach weider verschäerfen.
Et ass dat net deen eenzege Chantier, wann een a Richtung Norde fuere wëllt. Op der A7 ass an den Tunnelle Stafelter a Grouft scho zanter enger Partie Wochen déi lénks Spuer gespaart an d’Vitesse op 70 erofgesat, well et Problemer bei der Ventilatioun gëtt. Dat och a Richtung Süden. Deemnächst sollen zudeem um Fridhaff och nach d’Securisatiounsaarbechten un der N7 ufänken. D’Häerzstéck vun där Securisatioun ass, datt eng Leitplank an d’Mëtt vun der Strooss kënnt an d’Vitesse op 90 limitéiert gëtt.
An Etappe soll d’N7 quasi op der ganzer Längt vum Fridhaff bis op Wäiswampech esou ëmgebaut ginn.