Schonn 1984 haten zwee Commissairë verstanen, wat vill Leit eréischt ee Joer méi spéit gemierkt hunn: Et war eng Bommeserie am Gaangen.

D'Serie vun de Bommenattentater aus dem Joer 1985 war eng Serie, déi am Fong schonn 1984 ugefaangen hat an zwar net mat den 2 Attentater zu Beidler, mä mat Déifstall vu Luxite an Dynamit - a mat Bommeleeër-Training. Si waren opfälleg dacks am Gréngewald ënnerwee.

AUDIO: Bomm Routbrëschten / Reportage Nico Graf

Wann een op d'Bommeleeër-Landkaart kuckt, da mierkt een, datt si effektiv an der Haaptsaach am Norden an am Osten vun der Stad geklaut a gebommt hunn. Ugefaangen den 21. Januar 1984 an de Gipsstollen Irthum zu Helsem: do stiele si 3,5, Kilo Luxite an duerno 1985 klaue si zu Iernzen an um Sennengerbierg nach méi Sprengstoff. Si hunn zu Beidler Enn Mee, Ugangs Juli 1984 zwee Pylône gesprengt a si hunn dat Joer drop weider zwee Mol am Gréngewald Pylône gesprengt an och de booby-trap zu Aasselscheier un e Bam gehaangen. Mä domat net genuch. Si hunn och hiren Training, hir Essaien, hier Übungen am Gréngewald absolvéiert. An zwar zum Beispill schonn de 4. Februar 1984 um lieu-dit Routbrëschten, am Gréngewald natierlech. Do hu si eng Barrière zerstéiert. Op enger ganz interessanter Plaz. Well nëmmen 200 Meter dovunner ewech hu si Enn Abrëll 1985 versicht, hir zwee éischt Pylônen ëmzeleeën an Enn November 1985 hu si jo effektiv e puer Kilometer weider e Pylône zu Heeschdref zerstéiert, alles am Fong an enger Noperschaft, dans un mouchoir, wéi d'Fransouse soen. An et sief drun erënnert, datt de ganz verdächtegen, verstuerwene Jos Steil aus der Brigade Mobile jo zu Eech an der Villa Chomé gewunnt huet, wou am Keller-Schéiss-Übunge gemaach si ginn.

D'Routbrëschten, dat ass e Stéck Gréngewald, um Bierg iwwer Dummeldeng, tëschent dem Waldhaffer Munitiounsdepot an dem Jaanshaff, um Bord vun enger Wiss. A genee do hat den Zeie Giever zwee verdächteg Autoe gesinn, mat militäreschen Tippen dran, an dat nom Pylônes-Attentat zu Heeschdref.

Et ass also eng Bommeleeër-Platz par excellence.

Wie fréi verstanen hat, wat 1984 am Land lass war, dat waren déi renomméiert Commissairen Eugène Loutsch a Paul Haan. Knapps waren nämlech d'Attentater op d'Pylônen zu Beidler geschitt, dunn hu si de Lien gemaach mam Luxite-Déifstall zu Helsem a mat der Sprengung vun der Barrière op de Routbrëschten. A si maache schonn den 13. Juli 1984 direkt e sougenannte Nachtragsbericht, dat heescht, datt si och schrëftlech dem Procureur matdeelen, datt déi, déi d'Barrière um Feldwee am Gréngewald gesprengt haten, datt déi och d'Bommeleeër vu Beidler waren an d'Luxite-Déif vun Helsem:

Bei unserer Nachuntersuchung vorgenannter Diebstähle brachten wir in Erfahrung, dass im Monat Februar und Monat April ein Sprengstoffanschlag stattfand und zwar:

Zwischen dem 4. und 6. Februar 1984 zu Waldhof im Ort genannt "Routbreschtchen, Abteilung 9" an einer Eisenschranke, die einen Feldweg absperrte;

Schaden, ca. 5 - 6.000 Franken;
Täter: unbekannt

A nach méi kloer am Schlusswuert vum Nachtragsbericht :

Die in Waldhof und Heisdorf begangene Sprengstoffanschläge dürften mit dem zwischen dem 20. und 23. Januar 1984 im Gipsstollen IRTHUM zu Helmsingen erfolgten Diebstahl in Verbindung stehen, zumal am Tatort in Waldhof genau dieselbe Zündschnur vorgefunden wurde wie diejenigen, welche im fraglichen Gipsstollen entwendet wurde.

An anere Wieder: d'Commissaire Loutsch an Haan hate Mëtt 1984 scho verstanen, datt eng Serie am Gaang war. Eng Erkenntnis, déi aner Leit jo eréischt no a no am Joer 1985 haten. Wéi nach ëmmer am Gréngewald eng méi lass war.