Och zu Steesel am Bësch gouf am Fréijoer 1984 geüübt. De Fierschter aus dem Bësch hat donieft och nach e Bunker entdeckt.

Ugangs 1984 hunn d'Bommeleeër an de Bëscher am Norden vun der Stad trainéiert.

Dat weisen zwou Explosiounen aus der Steeseler Géigend, déi am Kontext vun de spéideren Attentater musse gesi ginn.

AUDIO: Bommen zu Steesel / Reportage Nico Graf

De fréiere Steeseler Fieschter Jeannot Theisen gëtt haut nach queesch, wann hein drun denkt: Do war op sengem Gebitt eppes geschitt an hien hat et emol net gewise kritt. Nämlech: iergendwou laanscht d'Strooss vu Steesel op de Briddel war en décke Bam gesprengt ginn, den 10. Abrëll 1984. Am Fréijoer, no den zwee Attentater vu Beidler, mécht dunn den opmierksamen Enquêteur Paul Haan doriwwer e Rapport a schreift an engem Nachtragsbericht un de Procureur:

Gemäss Angaben der Beamten der Gendarmerie-Brigade Bereldingen fanden dieselben [...] von der fraglichen Sprengung keinerlei Überreste von Sprengstoff und Zündmaterial vor. Die Sprengung war für die unbekannten Täter erfolgreich gewesen, denn an Ort und Stelle war der Baum, welcher einen Durchmesser von ca. 30 cm hatte, umgestürzt, als wenn man ihn am Stamm "abgeschnitten" hätte. Indem nur geringer Schaden entstanden sei, wäre gemäss Aussagen der Brigade Bereldingen kein Protokoll errichtet worden.

Klenge Schued, sech weider näischt geduecht, kee Lien gemaach mat den Dynamit-Déifställ, déi Bam-Sprengung zu Steesel hat d'Gendarmerie net outre-mesure interesséiert. Dem Fieschter Theisen ass awer ëm déiselwecht Zäit eng aner Sprengung opgefall, uewenaus um Steeseler Bierg. Nach haut weess hie genee wou et ass, um Bord vum Bësch.

Ech koum hei erower a hu mer geduecht, "wat der Däiwel ass elo". Do, un dee Bam, do war eng Charge gemaach, dass do d'Schuel ewech war  an datt do iergendwou eng Sprengung gemaach wier. Dee Schoss, deen ass no Ënne gaangen, deen huet no Ënnen de Buedem erausgeblosen, awer et war keng Ferncharge, well de Schued war net därmoosse grouss. Awer d'Schuel vum Bam war ewech. An déi éischt Fro, déi ee sech da stellt, datt ass "wat geet hei vir?. Wat gëtt hei probéiert?"

100 Gramm Luxite, seet de Jeannot Theisen, an hien ass sech iwwer d'Quantitéit Sprengstoff ganz sécher.

Beim Militär sinn d'Coure jo gemaach ginn, wou datt och emol geléiert ginn ass. An am Bësch hu mir misste Stäck sprengen emol, wann Weegebau gemaach ginn ass, dann hu mer Luxite gelueden. Da weess een, wéi dat funktionéiert.

De Jeannot Theisen hat deemools iwwregens der Gendarmerie Bescheed gesot.

Majo, ech hunn dunn d'Gendarmerie komme gelooss, fir ze kucken. Well et war jo awer net grad kathoulesch, wat do geschitt war.  Déi [Gendaarmen] hunn net vill gesot. Déi hunn dat opgeschriwwen, wat si geduecht hunn an du war d'Saach gehalen.

A propos Militär. E Kilometer vum gesprengte Bam ewech hat de Jeannot Theisen deemools am Bësch eng Zort Bunker fonnt.

Do war e Lach gegruewen, 1,50 op 1.70 Meter vläicht, zimlech déif. Dat war ofgedeckt mat Äscht. Doriwwer hate se Toile Cirée gezunn, esou wéi en op engem Kichendësch läit. Et war esou, wéi der hei de Buedem gesitt. Wann ech net bis dohinner ginn, da mierken ech guer net, datt do eppes ass. Et war schéi propper ausgestach, dat muss ech soen. Mir hunn et dono zougehäit, fir datt keen drafält. An dunn huet d'Saach sech gehalen. Dat ass awer haut net méi ze fannen.

Well do hat e Stuerm vill Beem ëmgerappt an de ganz Paysage huet sech verännert.

Egal wéi, hei e Resumé: am fréie Joer 1984 geschitt ganz vill. Am Januar gëtt zu Helsem Luxite geklaut, am Februar gëtt um Dummeldenger Bierg eng Barrière gesprengt, am Abrëll gëtt en décke Bam zu Steesel gesprengt an e méi klengen um Steeseler Bierg an am Bësch ass e Bunker.

An Enn Mai, Ugangs Juni sinn zu Beidler zwou Bommen un de Pylônen explodéiert, zwou Bomme vun enger Serie, déi also scho laang am Gaang war.