Bommeleeër Preparativen um groussen Ieselsknapp?
1982 sinn Onbekannter an e Militärlager um Ieselsknapp agedrongen an hunn en Depot, wou Sprengstoff gelagert gëtt, opgebrach.
Am Joer 1982 ass am Militärdepot um Waldhaff agebrach ginn. An d'Fro stellt sech, ob dat eng vun den éischte Kéiere war, wou gutt informéiert Bommeleeër probéiert hunn, Sprengstoff ze klauen.
Déi Platz heescht eben, wéi se heescht, a se heescht Groussen Ieselsknapp. Et ass de Plateau, dat Dräi-Eck, tëschent dem Waldhaff, dem Stafelter an der Kräizung tëschent dem CR 119 an der N11. Op deem Plateau läit, och ze soen dräieckeg, de Militärterrain.
E fréieren Zaldot huet eis erzielt, wat do ugangs 1982 geschitt ass. Hie wollt näischt an e Mikro soen, duerfir ass seng Stëmm hei nogeschwat, mä säin Text ass säin Text.
An enger ganz däischterer Nuecht ware si um 3 Auer zu zwee op Patrull tëschent den Hangaren an den Depoten. Wéi se op eemol Stëmmen héieren hunn. No den Consignen, déi si haten, hunn si „poste militaire“ geruff. An du war et roueg op där anerer Säit an d'Borschte si fortgelaf. De Kolleg wollt scho schéissen, huet dat dunn awer net gemaach a se hunn iwwer Walkietalkie Alarm geschloen an d' Luuchten am Camp sinn ugaangen. D' Kollegen si mat de Roveren erbäi komm. A wat hunn se gesinn:
D'Diere vun engem Pavillon stoungen op. Dat war en Depot mat Sprengstoff dran, do hate se och Panzerfäusten an där Saache méi. Am Fong waren d'Dieren mat Reedelen a mat Klauschteren zougespaart, also verrigelt, mä d' Klauschtere ware geknackt, also d' Schlässer waren opgepëtzt.
An eppes war ganz opfälleg. De Militär-Terrain ass nämlech duerch eng duebel Clôture geséchert, uewe Stacheldrot an tëschent de béide Clôturen sinn deemools Hënn gelaf, Wuechthënn
Dat ware wëll Hënn, Baaschterten, guer net gezillt, se sollten aggressiv sinn, se krute nëmme réit Fleesch ze friessen. Mä déi Nuecht hunn d'Hënn alleguerte geschlof, gepennt, se waren ausser Gefecht gesat, keen Hond huet bougéiert, wahrscheinlech krute se eppes ze friesse mat Schlofmëttel dran.
An aus all deem wat hien do observéiert hat zitt de fréieren Zaldot dës Conclusioun.
Fir mech waren d'Abriecher Insider, honnert pro: se wousste genee, wou de Pavillon wier, a wat fir e Pavillon se wéilten eragoen, wat se géife sichen a se wousste Bescheed iwwer d'Hënn, well d'Hënn hu guer net gebillt also waren et der, déi se kannt hunn.
An anere Wieder fréier Militär, Leit aus de Forces de l'Ordre . Den Zonk ronderëm den Depot war iwwregens duerchgeschnidde ginn an de Pavillon, wou se dra waren, dee mam Sprengstoff, war ee vun deenen ënneschten, am wäitsten ewech vun der Entrée.
De fréieren Zaldot sot, d'Gendaarme vu Jonglënster hätten d'Enquête gemaach an hien hätt duerno ni méi eppes doriwwer héieren. Wier och ni gewuer ginn, wat genee geklaut ginn ass.
D'Enquêteure vun haut hunn vum Zaldot senger Geschicht héieren a se hunn hie geruff a ganz seriö säin Temoignage opgeholl.
Am Resumé: Alt erëm eng Kéier, laang virun der Attentats-Serie, waren futur Bommeleeër ënnerwee, déi Sprengstoff gebraucht hunn. An et ware Leit, déi genee woussten, wou se Sprengstoff fanne géifen. An alt erëm ware se am Gréngewald ënnerwee, eng Géigend, déi se immens gutt kannt hunn. Iwwregens, den opgebrachene Sprengstoff-Hangar vun der Arméi ass, Loftlinn, nëmmen eng 500 Meter vum éischte gesprengte Pylône ewech.