"Frisbee" - schonn emol héieren dovunner? Ma sécher – et wousst ee just net, datt d'Saach esou genannt ginn ass, 2007, am Geheimdéngscht.

"Frisbee" war d'Codewuert fir am Ganzen 3 CDen, wéint deenen 2012 de SREL-Skandal un d'Rulle komm ass – mat de bekannte politesche Suitten. Abee, des Affär kritt elo 10 Joer no de Faiten, och juristesch Suitten: d' Chambre du Conseil vum Tribunal huet decidéiert, datt d'SREL-Leit Marco Mille, Frank Schneider an André Kemmer sollen de Prozess gemat kréien.

AUDIO: Frisbee/Reportage Nico Graf

Ugefaang mat engem klenge Rappel, wéi dat gaang war, deemools. Nodeems den Zeien Eugène Beffort op eiser Antenn gesot hat, hien hätt 1985 beim Bommen-Attentat um Findel e verdächtege Personnage gesinn, deen hien als Prënz Jean identifizéiert huet an dat dem Premier matgedeelt hat – jo du war d' Opreegung grouss. An de Premier Juncker an de Grand-Duc Henri hunn natierlech doriwwer geschwat. An op eemol ass d' Rumeur zirkuléiert, dat Gespréich wier enregistréiert ginn. An et géif- sot den Elektronikfachmann Loris Mariotto senger Kontaktpersoun beim SREL - et géif vun deem Gespréich op héchstem Staatsniveau eng codéiert, eng kryptéiert CD ginn. Grouss Opreegung och am SREL doropshin. „Frisbee“ gouf déi CD spéider am SREL genannt. An de Chef Marco Mille, de Sous-chef Frank Schneider an den Agent André Kemmer wollten dem Jean-Claude Juncker matdeelen, datt et deen Enregistrement giff ginn. Mä de Premier war den Dag net a Form an d'Gespréich ass fracassant schif gaang. De Marco Mille ass Enn Januar zeréckgaang bei de Premier, arméiert mat enger Spionageauer an huet säi Gespréich mam Premier opgeholl. Wou et drëms gaang ass, datt et déi cryptéiert CD géif ginn an datt de SREL, fir d'Saach ze klären, de Loris Mariotto ouni déi néideg juristesch Autorisatiounen ofgelauschtert hätt. Datt de Marco Mille sengersäits de Premier enregistréiert hat, dat ass erauskomm.

Déi Opnam mat der Spionage-Auer kritt iwwregens juristesch, wéi et schéngt, keng Suitten; dat wier verjäert. De Parquet wëll awer trotzdem, datt déi 3 SREL-Leit virun d'Chambre correctionelle kommen, an zwar well si am SREL de Loris Mariotto illegal ofgelauschtert an enregistréiert hätten, eng Kéier 40 Minutte laang – wéi si erausfanne wollten, wat op der faméiser cryptéierter CD drop wier a wat de Fachmann doriwwer wéisst. An da wieren och d'Kontaktdaten vun 20 privaten Telefonsgespréicher vum Loris Mariotto a senger Fra illegal opgezeechent ginn.

An de Parquet fuerdert weider , datt de Marco Mille soll ugeklot ginn, well hien déi 3 Enregistrementer, also 3 CDen, aus dem SREL mat erausgeholl hätt. Am Juriste-Franséisch vum Parquet liest sech de Reproche esou:

RTL

Eisen Informatiounen no ass d'Chambre du conseil der Fuerderung vum Parquet nokomm, fir de SREL-Leit de Prozess um Correctionel ze maachen. Wat fir Punkte genee d'Chambre zeréckbehalen huet, ass net bekannt; dat wier - heescht et – nach ëmmer vum Secret de l'instruction gedeckt. Mir sinn awer gewuer ginn, datt et schonn an Appell geet géint d'Decisioun vun der Chambre du conseil an doriwwer muss dann elo d'Cour d'appel vun der Chambre du conseil decidéieren.

An dat kann erëm daueren.

Wéi och ëmmer: den éischten - initiale - Volet vun der Geheimdéngscht-Affär ass juristesch an enger decisiver Phase ukomm.

D'Frisbeeë fléien a wëllen endlech landen. A jo: wat op der cryptéierter CD mam Gespréich Premier-Grand-Duc drop ass, dat ass nach ëmmer net bekannt.

Reportage um Dënschdeg den Owend och op RTL Télé Lëtzebuerg.