Hie verlaangt, datt den Ofschlossrapport vun der Srel-Enquêtekommissioun suspendéiert gëtt a wëll eng Entrevue mat der Conférence des présidents ...

Neien Ament – 5 Joer duerno – an der Srel-Affär. De fréieren zweete Mann aus dem Geheimdéngscht, de Frank Schneider, huet nämlech der Chamber e Schreiwes zoukomme gelooss. Doranner fuerdert hien, datt de parlamentaresche Rapport iwwer d'Geheimdéngschtaffär soll - Zitat - suspendéiert ginn an hie selwer well vun der Conférence des présidents vun der Chamber gehéiert ginn.

AUDIO: Srel - Schneider - Chamber: Rep. Nico Graf

A genee doriwwer hu se en Donneschdeg de Moien an der Conférence des présidents diskutéiert. D'Fraktiounspresidenten hu vum Chamberpresident Mars di Bartolomeo Kopië vun deem Schreiwes kritt. En Text, iwwer deen zanter Deeg Rumeuren op de Wee bruecht gi sinn an deen elo peu à peu publik gëtt. Wat alles genee dra steet, wollt de Mars di Bartolomeo nach net soen, awer dëst:

Hien hätt e Freideg vum Dierwiechter e Bréif an de Grapp gedréckt kritt, wouran den Här Schneider eng Entrevue mat der Conférence des présidents freet - ma an engem lafende Verfaren géif et kee Sënn ginn, mat der Conférence des président zesummenzekommen. Ausserdeem géif den Här Schneider eng Suspensioun vum Ofschlossrapport vun der Srel-Enquêtëkommissioun froen. En ëffentleche Rapport ze suspendéieren, dat huet de Chamberpresident just kommentéiert mat de Wierder "en ëffentleche Rapport ass ëffentlech". Da géif och gefrot ginn, datt déi Passagen, déi den Här Schneider betreffen, géife radiéiert ginn, dat Uleies wier un den Dateschutzbeoptragte weidergi ginn.

RTL

De Frank Schneider / © RTL-Archivbild

En Donneschdeg de Muere sinn an de Kulisse vun der Chamber interessant Adjektiver zirkuléiert iwwer dat Uleies vum fréiere Geheimdéngschtmann: "loufoque", "farfelu" an "geet et nach?", hu sech d'Kommentaren unhéieren. De Chamberpresident seet et vill méi fein: D'Demande, fir en ëffentleche Rapport ze suspendéieren, wier fir hie ganz nei. An Entrevuë mat der Conférence des présidents hätten, esou laang hien do wier, nach net stattfonnt.

Hale mer fest: De Frank Schneider mengt - a protestéiert dogéint -, datt hien aus niddrege parteipolitesche Grënn als Schëllegen an der Srel-Affär behandelt gi wier, déi Affär, déi jo 2013 wéinst e sëllechen Disfonctionnementer am Srel zu anticipéierte Neiwale gefouert hat. De Frank Schneider fillt sech onfair behandelt duerch d'Memberen aus der Enquêtëkommissioun vun deemools; där hire Rapport wier falsch a géif hien diffaméieren.

Do verteidegt also ee sech mat alle Mëttelen. Datt dat elo just virun de Wale geschitt, ass wuel keen Zoufall. An inhaltlech passt et och an déi al Leier, déi viregt Regierung wier verroden a verkaaft ginn.