Et gi Perquisitioune gemaach an dat och bei fréiere Gendaarmen, déi net beschëllegt sinn oder als renomméiert Enquêteure géint d'Bommeleeër gëllen.

E Beispill ass de Paul Haan, fréiere Beamten an der Police judiciaire.

AUDIO: Perquisitioune bei Gendaarmen: Reportage Nico Graf (1/2)

Datt Verhéier a Perquisitiounen organiséiert gi géint déi 6 Gendaarmen, déi aus dem Bommeleeër-Prozess als verdächteg ervirgaang sinn, dat huet seng Logik. Esou ass gewosst, datt beim Guy Stebens perquisitionnéiert ginn ass an datt säin Telefon ofgelauschtert ginn ass. Och beim Marcel Weydert gouf et eng Perquisitioun an och bei deenen anere Verdächtegen.

Méi verwonnerlech ass eben, datt och de Paul Haan an déi Millen erageroden ass. Méi genee: Am Mäerz 2017 sinn d'Bommeleeër-Enquêteure bei de Paul Haan heemkomm an e puer Deeg laang gouf hien zimlech serréiert verhéiert an dunn, Mëtt Mäerz, stounge se op eemol virun der Dier, haten e puer eidel Këschte bei sech an eng Ordonnance comme quoi si eng Perquisitioun beim renomméierte pensionéierten Enquêteur maache géifen.

Gesagt, getan. A si hunn an hire Këschte Saache matgeholl, Schrëftstécker, Computeren an USB-Sticken. An – wat de Paul Haan besonnesch rose gemaach huet – och säin Handy hunn se matgeholl. Well hien hefteg protestéiert huet, krut en deen Telefon ëmmerhin deen aneren Dag erëm zeréck. Eng Computer-Festplack krut en nëmme futti erëm.

Ënner dem Stréch: De Paul Haan, deen heiansdo an net wierklech an der Bommeleeër-Affär enquêtéiert huet oder och net huet dierfen enquêtéieren, an deen de fréiere Gendarmerie-Chef Aloyse Harpes onbedéngt ofschéisse wollt, dee Paul Haan ass behandelt gi wéi e Verdächtegen an der Affär.

Net genuch domat: Op d'mannst 2 fréier enk Kollege vum Paul Haan haten och Perquisitiounen. An och bei hinne si Computere matgeholl ginn a si si stonnelaang verhéiert ginn. D'Pointe dobäi ass: Déi dräi – de Paul Haan a seng Kollegen – dat waren déi dräi, déi am Oktober 1985 mat op Bréissel gefuer waren, fir do eng Observatioun op den deemools verdächtege Ben Geiben ze organiséieren, also op de fréiere Chef vun der Brigade mobile, aus deenen hire Reie jo d'Bommeleeër ze komme schéngen. Seet de Parquet a soen d'Enquêteuren.

Den haut verdächtegen Armand Schockweiler vun der Sûreté war deemools och mat op Bréissel an hie war deen Eenzegen, deen iwwerhaapt mat belsche Beamten ze schwätze kritt hat.

Am Gespréich: Marc Thoma, Nico Graf a Paul Haan (v.l.).

Pour Rappel: E puer Deeg no där sënnloser Missioun op Bréissel war d'Attentat op d'Geriicht. De Ben Geiben sollt jo an d'Land kommen, dunn erëm net, du war en awer do, d'Bomm war explodéiert, säi Frënd a fréiere Kolleg Jos Steil hat sech ganz komesch a verdächteg beholl, op de Ben Geiben war mat SREL-Beamten eng Observatioun lancéiert ginn. Mä dee Geiben konnt d'Land verloossen, ouni interpelléiert ze ginn. An een Dag drop war d'Spur Geiben dout.

Alles dat hat am Prozess jo eng grouss Roll gespillt an interesséiert elo d'Enquêteuren nach ëmmer. An dat heescht am Kloertext: Et huet sech näischt geännert - de Ben Geiben ass nach ëmmer am Dossier dran, wéi déif an a wéi enger Roll, dat muss gekläert ginn. Anscheinend och mat Perquisitioune bei fréiere Gendaarmen, déi als integer gëllen.

Do ginn da Computeren, USB-Sticken a Schrëftstécker matgeholl. An déi perquisitionnéiert Beamte kréien eng Ordonnance gewisen, wou esou munch Interessantes dra steet.

AUDIO: Perquisitioune bei Gendaarmen: Reportage Nico Graf (2/2)

Ugefaang mat präzisen Akten-Notizen, mat der Adress vum Perquisitionnéierten a mat der Informatioun, wien ordonnéiert huet, also de Juge d'instruction directeur Monsieur Ernest Nilles. An Auerzäit, Numm an Adress vun deem, bei deem d'Enquêteure schellen. An no der Adress kënnt d'Indikatioun, géint wien hei en fait enquêtéiert gëtt a firwat de privaten Domizil vu fréiere Gendaarmen duerchsicht gëtt. Dat héiert sech esou un - Zitat:

Information contre: A wien do op präzis Nimm gewaart huet, dee gëtt enttäuscht. 6 Nimm stinn do mä – komesch Prüderie oder lächerlech Schimmt – déi Nimm stinn net voll do, mä ofgekierzt. Der Rei no: A.H., also Aloyse Harpes, C.B., de Charel Bourg, P.R. fir Pierre Reuland an esou weider duerch déi fréier Hierarchie vun der Gendarmerie bis erof bei de W.M., de Weydert Marcel aus der Brigade mobile.

Alles fréier Gendaarmen, déi sech am Bommeleeër-Prozess esou a Widderspréch verwéckelt haten, datt se als futur Ugeklote konsideréiert ginn. Den A.H., Aloyse Harpes, gëtt soupçonnéiert, vertuscht a gedeckt ze hunn; datselwecht – wann net Schlëmmeres – gëtt dem C.B., Charel Bourg, reprochéiert an him gëtt net gegleeft, datt säi verstuerwene gudde Frënd Jos Steil him NET gesot huet, wien d'Bommeleeër sinn; den A.S., Armand Schockweiler, huet eng komesch Roll bei der avortéierter Observatioun op de Ben Geiben gespillt; de P.R., Pierre Reuland, wollt déi nei Enquête stoppen a weess wuel vill méi wéi e seet; den S.G., Stebens Guy, hat am Prozess op en Hoer Nimm genannt; an de W.M., Marcel Weydert, hat sech wéinst dem Attentat an de Kasematten esou a Widderspréch verkuerbelt, datt hien als Bommeleeër verdächtegt gëtt.

6 - oder méi - futur Ugekloten, déi Problemer hunn - sief et, datt se solle beschëllegt ginn, selwer un de Bommenattentater deelgeholl ze hunn, sief et, datt se Kenntnis vun de Strofdoten haten a se matorganiséiert an toleréiert sollen hunn  ... wéi et de Procureur Georges Oswald 2014 um virleefegen Enn vum Prozess sot. An ëmmer erëm geet ëm d'Fro, firwat d'Spur Ben Geiben nom Attentat op d'Geriicht op eemol dout war.

De Paul Haan / © Nico Graf

An der Perqusitiouns-Ordonnance steet d'ailleurs, juristesch verklausuléiert, wat genee deenen ofgekierzten Nimm reprochéiert gëtt. Chef d'infractions heescht dat an et ass queesch duerch den Dossier alles: versichten Doutschlag, Mord an Assassinat, Brandstëftung, Explosiounen, Attacken op Pylonen – dat heescht: Déi 6 solle Bommeleeër sinn.

Wat am Katalog vun de Reproche feelt, si komescherweis d'Reprochen Entrave à la justice a Faux témoignage am Prozess. Grad op déi Reprochen hat ee gewaart nom Prozess a grad si feelen. Wat vläicht net esou wichteg ass am Verglach mam Reproche, si wäre Bommeleeër purs et durs.